Protestpiquet um DonneschdegDuPont Tejin zu Conter wëll zwou Produktiounslinnen zoumaachen

RTL Lëtzebuerg
OGBL an LCGB reprochéieren der Direktioun, datt se keng Efforten géif maachen, fir dës Aarbechtsplazen z'erhalen.
DuPont Tejin zu Conter wëll zwou Produktiounslinnen zoumaachen
OGBL an LCGB reprochéieren der Direktioun, datt se keng Efforten géif maachen, fir dës Aarbechtsplazen z’erhalen.

Nodeems d’Gewerkschaften LCGB an OGBL e Protestpiquet bei DuPont Teijin Films zu Conter organiséiert huet, mellt de Chimieskonzern sech per Communiqué zu Wuert. Et hätt een eng Rei Rendezvouse mat den zoustännege Ministèren a mat de Gewerkschafte gehat. DuPont wéilt e konstruktiven Dialog féieren a fair a séier Léisunge fir all Mataarbechter fannen. D’Entreprise géing keng Stellung méi huelen, bis definitiv Decisioune gefall wieren. E puer honnert Leit hate bei der Firma dogéint protestéiert, datt 160 Leit sollen entlooss ginn.

PDF: Schreiwes vun DuPont Teijn Films Luxembourg (16.3.23)

Back to Top
CIM LOGO