Dat neit Covid-Gesetz ass mat 35-Stëmmen ugeholl ginn. Blo-Rout-Gréng an déi Lénk an d'Piraten hu fir den Text gestëmmt. D'ADR war dergéint. D'CSV huet sech enthalen.
Mir hunn d'Situatioun nach am Grëff, mä si wär net fir schéinzerieden, huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert am Parlament ënnerstrach. An der Moyenne bannent 24 Stonnen hätt een hei am Land en Testresultat, och den Tracing géif am Duerchschnëtt an där Zäit assuréiert ginn – dat wär am Ausland deels ganz anescht. Un Holperegkeete géif ee schaffen.
Dat neit Gesetz bréngt wéineg Ännerunge mat sech. Et wär elo net de Moment fir d'Reegelen ze verschäerfen, keng grouss Lockerunge si virgesinn. Och wann d'Dauer vum Isolement – wann ee positiv ass – vu 14 op 10 Deeg erofgeet.
D'Quarantän – dat ass jo wann een en enke Kontakt mat engem Infizéierten hat - leeft iwwregens vum Kontakt un. 7 Deeg si jo virgesinn. An der Moyenne dauert d'Quarantän hei am Land 4,3 Deeg.
102 Etablissementer hätte bis ewell eng Amende kritt, haaptsächlech am Horesca-Beräich. 22 Betriber wären e puer Mol opgefall an hu méi eng héich Strof kritt.
Recourse viru Geriicht ginn et bis ewell wéineg. D'Contestatioune bei Quarantäne ginn awer erop, sou d'Ministesch.
A Laboe wären och vereenzelt Saache schif gelaf. 10 falsch Positiver hätt et ginn an nach eng 2. Serie mat 26 falsche Resultater. Do hätt misse nogetest ginn. Dat wéilt si net verstoppen.
D'CSV ass mat enger Rei Changementer d'accord, mä kritiséiert, datt Mesurë sech deels géife widderschwätzen, net logesch wären.
D'ADR huet gemengt, datt kritesch Stëmmen ëmmer méi opkommen. Den neien Text gëllt bis Enn Dezember, dat wär ze laang, huet de Jeff Engelen gemengt. Hien huet och d'Fro opgeworf, ob d'Maskepflicht iwwerhaapt eppes bréngt.
Déi Lénk an de Marc Baum hunn de Fortschrëtt vum neie Gesetz ervirgehuewen, si stëmmen dowéinst – eng éischte Kéier – den Text mat. Kloerstellunge géife kommen, net weider Aschränkungen. D'Gesetz géif trotzdeem deels holpereg bleiwen.
Och d'Piraten hunn op d'Widderspréch opmierksam gemaach, trotz Quarantän dierft een zum Beispill Schoul halen, mä soss net virun d'Dier goen oder zum Beispill mam Hond spadséiere goen.
D'Dauer vum Isolement – dat heescht, wann eng Corona-Infektioun nogewisen ass – geet vu 14 op 10 Deeg erof.
Wärend deenen 10 Deeg muss ee sech doheem isoléieren.
Wann een a Quarantän gesat gouf – dat ass de Fall, wann een enke Kontakt mat engem Infizéierten hat an ee sech kéint ugestach hunn – da muss ee 7 Deeg doheem bleiwen. De 6. Dag kann ee sech teste loossen. Bis ewell war dat no 5 Deeg de Fall.
Donieft gouf festgehalen, dass d'Visièren als Ersatz fir eng Mask net erlaabt sinn. D'Ausname fir aus gesondheetleche Grënn keng Mask mussen unzehunn, gi präziséiert.
D'Réserve sanitaire gëtt vergréissert. Psychotherapeuten an Apdikter kënnen an Zukunft och rekrutéiert ginn. Déi perséinlech Donnéeë ginn 3 Méint laang gehalen an dono anonymiséiert. An d'Fluchgesellschafte mussen an Zukunft d'office d'Formulairen, déi d'Passagéier ausgefëllt hunn, un d'Santé weider ginn, dëst, fir wann néideg, den Tracing méi einfach ze maachen. No 14 Deeg ginn déi Daten anonymiséiert.
Dat sinn also déi Saachen, déi änneren. Wéi eng Mesurë gi bis den 31. Dezember verlängert? Et bleift derbäi, datt ee just maximal 10 Leit bei sech doheem däerf invitéieren oder sech zu 10 dobaussen däerf treffen. Ass een am ëffentleche Raum zu méi wéi 10, mussen d'Gestes barrières agehale ginn, dat heescht zwee Meter Ofstand. Geet dat net, muss een eng Mask unhunn.
Am Restaurant oder Café si maximal 10 Leit un engem Dësch erlaabt. Am Café gëtt ee just am Sëtzen zerwéiert. Beweegt ee sech, muss een eng Mask unhunn, d'Personal, dat zerwéiert, och. D'Dëscher mussen annerhallwe Meter vuneneen ewechstoen oder anerwäerts getrennt sinn. Punkt Hallefnuecht gëtt alles zougemaach.
An zouenen, ëffentleche Raim muss ee weider eng Mask unhunn. Dat heescht am Supermarché, am Buttek an och am ëffentlechen Transport. Kanner ënner 6 Joer musse keng Mask undoen.
Hält ee sech net un d'Reegelen, gëllen deels héich Strofen.
