Santéskommissioun vun der ChamberD'Waardezäiten an der Imagerie médicale solle verkierzt ginn

Jeannot Ries
D'Waarde-Zäiten fir en IRM, e Scanner oder och eng Mammografie solle reduzéiert ginn.
D'Waardezäiten an der Imagerire médicale solle verkierzt ginn
An der Santéskommissioun vun der Chamber gouf iwwer Méiglechkeeten, fir d’Attente bei den IRMen, de Mammographien an de Scanneren ze verkierzen, debattéiert.

Déi zoustänneg Chamber-Kommissioun krut en Dënschdeg eng Rei Léisunge presentéiert. Nei Apparater, nei Horairen an zentral geréiert Rendezvousen.

Wéi léist een de Problem vun ze laange Waarde-Zäiten bei Rendezvousen fir en IRM, eng Mammographie oder och e Scanner? Déi Fro huet ënner aneren, eng entspriechend Petitioun, déi séier déi néideg Ënnerschrëften krut, opgeworf.

D’Chamber huet mat engem ëffentlechen Debat Ugangs Mäerz den Ufank gemaach an en Dënschdeg gouf et an där zoustänneger Chamber-Kommissioun Äntwerten, wéi déi laang Waardezäite kënne verkierzt ginn.

''Déi missten derzou bäidroen fir d’Waarde-Zäiten wierklech ganz sensibel erofzesetzen’’, sou d’Reaktioun vum President vun der Santéskommissioun Mars Di Bartolomeo.

Méi IRMen zu neien Horairen

Den Delai fir e Rendezvous am IRM läit, jee no Urgence a Clinique, alt bei bis zu 60 Deeg. Dat soll änneren. Ëmmerhi gi méi wéi 80.000 IRMe bannten engem Joer hei am Land gemaach.
Bis Enn vum Joer kënnt jo um Potaschbierg an zu Wolz, jeeweils een Apparat derbäi. Domat gëtt d’Zuel un IRMe vu 7 am Joer 2014, bis zum Enn vun dësem Joer op 13 erhéicht. Bestätegt gouf en Dënschdeg och, datt e Pilot-Projet usteet, dee virgesäit, datt d’IRMen an Zukunft méi laang op sinn. Deemno soll een och méi spéit owes an der Woch a Weekends e Rendezvous fir en IRM kënne kréien. Domat kéint Platz fir dausenden Patienten geschaaft ginn.

Gutt Usätz, ma de Piraten geet et net séier genuch. D’Rendezvouse missten aus guddem Grond zentral geréiert ginn. Aktuell géif nämlech den Iwwerbléck doriwwer feelen, wien, wou e Rendezvous hëlt respektiv ob en dann och um Enn effektiv dohi geet, erkläert de Sven Clement. “Dat betrëfft d’IRM’en, d’Scanneren, dat betrëfft awer och d’Mammografie zum Beispill, wou et ganz heefeg esou ass, datt Leit zwee oder dräi Rendezvousen hunn, iert se dann ee wouer huelen.’'

Déi gréng verlaangen e prezise Monitoring. Dem Marc Hansen no missten d’Apparater dohi kommen, wou se och tatsächlech gebraucht ginn. “Wéi vill IRMen? Wéi vill Mammografien? En Fonction vun der Populatioun? En Fonction och wa Frontalieren hei hi kommen? A besonnesch och, wou brauche mer se? Et ass net gutt, eng Zuel pro Land ze soen an dann ass et egal wou se hi kommen. Ech mengen do muss och Geographesch gekuckt ginn, wou et Sënn mécht se ze installéieren.’'

De Monitoring selwer soll vum Observatoire vun der Santé iwwerholl ginn.

Nei Apparater fir Mammografien

''Haut oder muer gëtt d’Attributioun de Marché gemaach, fir déi Apparater vun där neier Generatioun an et sinn der dann an Zukunft net méi nëmme 7, ma et gëtt der 8'’, sou de President vun der zoustänneger Chamber-Kommissioun Mars Di Bartolomeo.

A Punkto Mammographie hätten d’Delaien a verschiddene Clinique scho kënne vun 18 op 12 Méint reduzéiert ginn. Elo sollen normal Rendezvous’n nach besser an de Programm agebaut ginn.

Den Deputéierte vun Déi Lénk feelt et nach un Transparenz wat d’Konventiounen ugeet, déi tëscht de Cliniquen an hiren Antennen ofgeschloss solle ginn.

''Do kéinten eng Rei Informatiounen dra sinn, déi villäicht awer intressant sinn fir d’Bedreiwung vun deenen Antennen. Wat do genau alles kann dran oflafen a wéi? Déi sinn awer nach net ze gesinn. Dat heescht, do bleiwe fir eis eng Rei Froen, déi nach ze klären sinn. Fir de Rescht menge mir, datt et eventuell an eng gutt Richtung geet.’' sou d’Nathalie Oberweis.

Back to Top
CIM LOGO