Corinne CahenD’Wanteraktioun gëtt elo emol ëm 3 Nuechte verlängert

Rosa Clemente
Zanter e Freideg ass net méi de Familljeministère, mee den Ausseministère zoustänneg fir d'Urgence-Struktur um Findel.
D'Wanteraktioun ass zou
Trotz Keelt schlofen eng 150 Sans-Abrisen elo nees op der Strooss .

De Batiment B vun der Struktur um Findel mat 36 Better geet op. De Service d’Urgence Premier Appel aus der Stad këmmert sech ëm d’Repartitioun vun de Better. Falls nach Better néideg wieren géif een op de Batiment A zréckgräifen.

Informatioune vun e Freideg

Trotz Keelt schlofen eng Rei Sans-abrien elo nees op der Strooss

Vun e Freideg un ass net méi de Familljeministère, mee den Ausseministère zoustänneg fir d’Urgence-Struktur um Findel.

Dat ass déi Plaz, wou zanter Enn November d’Wanteraktioun war. Ma fir d’Sans-abrien hei am Land huet et en Donneschdeg geheescht : “Vun haut u sinn d’Diere vun der Wanteraktioun zou”, an dat trotz wanterleche Wiederkonditiounen. Onerwaart koum dëst Fermeture awer net, d’Wanteraktioun (WAK) geet an der Reegel all Joer just vum 1. Dezember bis den 31. Mäerz. Mat der Ausnam vun de leschten zwee Joer, do war se wéinst der Pandemie ëm e puer Méint verlängert ginn.

Fakt ass, datt et den Ament kal ass, Schnéi an Temperaturen ënnert dem Gefréierpunkt goufe fir de Weekend gemellt. Fir déi ronn 150 Sans-abrien, déi soss an der WAK iwwernuecht hunn, keng einfach Situatioun. Och wann ee schätze kann, datt e puer vun hinne sech schonn am Viraus een Ënnerdaach fir déi nächste Wochen oder Méint organiséiert hunn, respektiv no der WAK an hiert Heemechtsland zeréckginn.

Mëtt Mäerz waren eng Rei Refugiéen aus der SHUK um Kierchbierg an d’Gebai vun der Wanteraktioun um Findel geplënnert ginn, fir Plaz fir d’Flüchtlingen aus der Ukrain ze maachen. Dës Persoune wäerten, am Géigendeel zu de Sans-abrien, och weiderhin e Bett hunn an der Structure d’urgence um Findel.

Op Ufro vu RTL huet d’Familljeministesch Corinne Cahen erkläert: “De Centre de rétention, deen ënnert der Tutelle vum Immigratiounsminister steet, ass vum 1. Abrëll u fir dës Plaz um Findel zoustänneg. Si hu bis Enn Oktober de Pouvoir decisiv doriwwer, wien an dëser Struktur ënnerkënnt. Duerno iwwerhëlt nees de Familljeministère d’Schlësselen.”

Confirméiert gouf dëst Ausso och vum Alain Bliss, Directeur Adjoint vun der Direction de l’Immigration. Et wier ausserdeem bis elo net virgesinn, datt an Zukunft och Refugiéen aus der Ukrain op de Findel kommen.

Deemno schéngt et, datt d’Better, an deenen d’Sans-abrien an de leschte véier Méint geschlof hunn, op d’mannst den Ament fräi bleiwen.

Fir d’Ekipp vum Streetwork heescht et elo nees vill Aarbecht um Terrain. Den Nelson dos Reis, Responsabel vum Service Premier Appel an der Stad, weess, datt d’Demandë fir Better elo nees a Luucht ginn.

“Mir hunn gëschter ronn 25 Appeller kritt vu Leit, déi soss an der WAK geschlof hunn, an elo net wësse wouhin. Mir hunn awer leider just dräi Better d’urgence disponibel, sinn also immens limitéiert, wann et dorëms geet, Leit a Foyeren ënnerzebréngen. Mir versichen amplaz Schlofsäck ze verdeelen. Leider sinn eis soss d’Hänn gebonnen. D’Zäit no der Wanteraktioun ass ëmmer esou komplizéiert. A wat dat Ganzt natierlech verschlëmmert, ass, datt et den Ament esou kal ass dobaussen”
, sou den Nelson dos Reis.

E Samschdeg de Moien hunn de Max Hengel a Paul Galles vun der CSV no dësem Artikel eng dréngend parlamentaresch Fro un d’Familljeministesch gestallt. Bis e Méindeg wieren nach Minusgrade gemellt, ob een do net misst iwwer d’Deadline vun der Fermeture vum WAK nodenken an ob sech de Ministère net engagéiert hätt, fir deene betraffene Sans-abrien eng nei Iwwernuechtungsméiglechkeet ze sichen.

Back to Top
CIM LOGO