EtüdD'Wiedersituatioun an de Covid-19

Christophe Hochard
D'Loft spillt bei der Iwwerdroung vum SARS-COV2-Virus eng wichteg Roll. Sief et d'Beweegung, d'Fiichtegkeet oder d'Temperatur.
Covid-19 an d'Wiedersituatioun
D'Loft spillt bei der Iwwerdroung vum SARS-COV2-Virus eng wichteg Roll. Sief et d'Beweegung, d'Fiichtegkeet oder d'Temperatur.

Beweege sech Temperaturen tëscht Minus 2 a Plus 10 Grad a läit d'Loftfiichtegkeet iwwer 70 Prozent, spillt dëst dem Virus an d'Kaarten.

Iwwer dat ablécklecht, fiicht Wieder freet sech de Covid-19.

Enger Etüd vu "Meteo France" no, géifen sech bei dësem Wiedermix méi Mënsche mam Virus ustiechen.

D'Wieder kéint d'Vire weider transportéieren. Där Beispiller géifen et an der Geschicht vun der Virologie ginn.

Ass een dobaussen ënnerwee an et wär vill Wand, wär de Risk sech géigesäiteg z'infizéieren, mäi geréng.

Back to Top
CIM LOGO