
Dat ass eng Baisse vun iwwer 1.000 géigeniwwer dem September
Wéi d’Zuele vum Konjunkturcomité weisen, gräifen dacks vill manner Betriber effektiv op d’Kuerzaarbecht zeréck, wéi der dat de Mount virdrun ugefrot haten. Konkret goufe fir de Juni 81 Demanden accordéiert. Um Enn hunn der just 40 kuerz geschafft, esou dass manner wéi een Drëttel vum Personal effektiv betraff war.
D’Käschte fir de Chômage partiel louchen am Mee an am Juni an der Moyenne bei knapp 2,5 Milliounen Euro.