An der Woch vum 23. bis de 29. November ass d'Zuel vun de Persounen, déi positiv op de Coronavirus getest goufen, liicht erofgaangen. D'Zuel bleift awer weider op engem héijen Niveau mat 3.565 Fäll am Verglach zu 3.851 déi Woch virdrun, sou d'Santé.