Budget 2021E Budget vu Rekordinvestissementer, dee massiv an d'Zukunft investéiert

Claudia Kollwelter
Fanny Kinsch
D'Kris hätt awer e groussen Impakt op d'Staatsfinanzen, huet de grénge Rapporter François Benoy betount.

De Budget 2021 ass sécherlech wéinst dem aktuelle Kontext en aussergewéinlechen. Dat huet de Rapporter a gréngen Deputéierte François Benoy en Dënschdeg de Mëtteg bei der Presentatioun vum Budgetsprojet betount. D'Kris hätt e groussen Impakt op d'Staatsfinanze vun dësem Joer. Dat géif ee gutt gesinn, wann een d'Previsioune vum Budgetsprojet 2021 mat där vum Pluriannuell vum leschte Joer vergläicht, huet de François Benoy ënnerstrach.

Extrait François Benoy (1)

 
Wa keng Pandemie gewiescht wier, hätte mer am Joer 2020 en Defizit am Zentralstaat vun -640 Millioune gehat, amplaz vun engem Defizit vu 5 Milliarden. Wouvun de Budgetsprojet elo ausgeet. Mir hunn also dem Budgetsprojet no am Joer 2020 knapp 4,4 Milliarde verluer duerch d'Kris.

Investitioune vum Zentralstaat ginn an d'Luucht

Fir 2021 wieren Investitioune beim Zentralstaat an Héicht vu knapp 2,8 Milliarde virgesinn, wat 4,3% vum PIB ausmécht.

Extrait François Benoy (4)

 
Dat ass eng Erhéijung vun 20 Prozent par Rapport zu virun der Kris. An de nächste Jore geet et nach emol erop, op en Investment vun an der Moyenne 4,5 Prozent vum PIB an der Period 2021-2024. Och dat ass eng substantiell Erhéijung par Rapport zu virun der Kris. An de Joren 2015 bis 2019 louche mir hei beim Zentralstaat an der Moyenne bei 3,66 Prozent vum PIB.

Logementsproblematik am Fokus vum Budget 2021

De Budget 2021 wier een, op deen déi sanitär Kris natierlech en Impakt huet. 2020 goufen duerch d'Pandemie knapp 4,4 Milliarde verluer, huet de François Benoy ënnerstrach. D'Staatsschold klëmmt donieft 2021 duerch d'Corona-Kris op 29,4% vum PIB an déi Joren dono souguer op iwwer 30%. Et wier awer wichteg datt déi zousätzlech Scholde géife gemaach ginn, sou de gréngen Deputéierten, deen ënnert anerem d'Logementsproblematik genannt huet. D'Depensen am Budget fir de Logement géifen an d'Luucht gesat ginn.

Extrait François Benoy (2)

Den neie Spezialfong, fir ëffentleche Wunnraum ze schafen, gëtt d’nächst Joer mat 80 Milliounen Euro gespeist an dee Montant geet da Joer fir Joer weider an d’Luucht. An der Periode tëscht 2020 bis 2024 schwätze mir am Total vun iwwer 900 Milliounen Euro. Wa mir awer wëssen, dass am Moment zu Lëtzebuerg manner ewéi 2 Prozent vum Wunnraum ëffentlech Locatiounswunnenge sinn, da gëtt ons verdäitlecht, wéi enorm den Nachholbedarf ass. Grad d’Investéiere vum Staat an ëffentleche Wunnraum ass sënnvoll, well esou de Schwächsten an der Gesellschaft ka gehollef ginn an d’Wunnengen och fir déi nächst Generatiounen an ëffentlecher Hand bleiwen.

A puncto Logementsproblematik ass an den Aen vum François Benoy nieft enger Reform vun der Grondsteier och eng spezifesch Taxe néideg, fir net bebauten Terrainen oder Wunnengen, déi eidel stinn, ze besteieren an ze mobiliséieren:

Ech rappelléieren nach eemol: mir hunn innerhalb vun de PAGen disponibelt Bauland fir Wunnraum fir 300.000 Leit. An dëst Bauland gehéiert zu engem groussen Deel enger räicher Minoritéit.

Fiskal Adaptatioune a Richtung vu méi ökologeschem a gerechtem Steiersystem

Mam Budgetsgesetz 2021 géifen och eng Partie steierlech Mesurë geholl ginn.

Extrait François Benoy (3)

Am Beräich vun der Nohaltegkeet gëtt en CO2-Präis agefouert, an d'Taxe d'abonnement fir nohalteg Fongen reduzéiert. Fir méi Steiergerechtegkeet ze schafen gëtt um Niveau vun den Investmentfongen eng Besteierung vun 20 Prozent op Revenuen aus lëtzebuergeschen Immobilien agefouert. Am Beräich vum Logement gëtt den Amortissement accéléré reforméiert. An d'Stock options ginn duerch eng nei Prime participative ersat.

Och wann Steierreform net konnt gemaach ginn, komme mam Budget eng Partie fiskal Adaptatiounen a Richtung vun engem méi ökologeschen a gerechte Steiersystem, huet de gréngen Deputéierten ënnerstrach:

Duerch d’Kombinatioun vun der CO2-Steier mam Crédit d’impôt huet d’Regierung et fäerdeg bruecht, aus enger indirekter C02-Steier, déi am Prinzip regressiv ass an domat déi kleng Salairen am meeschten treffe géif, a Kombinatioun mam Steierkredit eng progressiv Mesure ze maachen, wou déi kleng Salairë manner bezuelen an zum Deel esouguer entlaascht ginn.

Wéi legitim ass d'Lëtzebuerger Demokratie?

Wichteg wier et dem François Benoy no awer och un enger méi inklusiver Gesellschaft ze schaffen, déi dann och méi resilient géif ginn. Mat der Hallschent vun eiser Populatioun, déi net un de Nationalwalen deel huelen, géif sech d'Fro vun der Legitimitéit vun eiser Demokratie stellen:

An enger Gesellschaft wou d’Hallschent vun der Populatioun Auslänner sinn, an also net un de Nationalwalen deelhuelen, stellt sech d’Fro vun der Legitimitéit vun der Demokratie zwangsleefeg an d‘Stäerkung vun der Participatioun vun de Net-Lëtzebuerger bleift aktuell.

 

RTL-Invité vun der Redaktioun: François Benoy: "Dee gréngste Budget, dee mir jee haten" - mat Commentairen

PDF: De Communiqué vun

Back to Top
CIM LOGO