
Betriber, déi eng Rechnung u staatlech Institutioune schécke mussen, mussen dëst vu Mäerz un alleguer iwwer den elektronesche Wee maachen. Dëst geet net iwwer E-Mail, mee iwwer een digitalen Netzwierk, iwwer dat d’Rechnunge kënne securiséiert un déi zoustänneg Plaze weidergeleet ginn. Fir deene klenge Betriber d’Transitioun op d’E-Facturatioun ze vereinfachen, huet de Ministère fir Digitalisatioun sech lo eng méi einfach Léisung iwwerluecht.
Fir d’Demarche vun der E-Facturatioun ze vereinfachen an domat och deene klenge Betriber entgéint ze kommen, kéinte Facturen och elo iwwer de Myguichet.lu erstallt a weidergeleet ginn. Den Digitalisatiounsminister Marc Hansen: “Wa mer lo bei déi kleng Betriber kommen, déi net sou kënnen domat ëmgoen da soll et esou funktionéieren, wéi se dat gewinnt sinn. An dofir hu mer deen do Tool gemaach. Dat ass fir deen deen dat net dacks mécht, deen dat lo entdeckt a seet, ech hunn nach net alles prett. Et ass keng Limitt gesat wéi laang dat do soll goen, dat kënnt der maachen ob et 10 Rechnungen am Joer sinn oder 15 mee et ass ebe fir deen do Volet ze hunn an et do net héich komplizéiert ze maachen.”
Fir d’Betriber beim Iwwergang op d’E-Facturatioun ze ënnerstëtzen, huet de Ministere mat der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers zesummegeschafft. Nieft z.B. Formatiounen a Workshops goufen och finanziell Hëllefen u Betriber accordéiert.
D’E-Facturatioun kéint net nëmme fir de Staat ma och fir d’Betriber Virdeeler bréngen. De Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen: “Dat ass natierlech e grousse Virdeel wat d’Rapiditéit ubelaangt an och d’Effizienz an d’Securitéit vun den Donnéeën. Ech mengen et iert een sech manner bei enger elektronescher Facturatioun wéi bei enger handgeschriwwener. Den Delai de Paiement geet besser iwwer d’Bün et huet een eng besser Gestioun vun der Tresorerie am Allgemengen, d’Frais d’Archivage ginn et erof an et kann een d’Facture besser tracéieren.”
D’E-Facturatioun kéint deementspriechend dozou bäidroen d’Käschten an de Betriber erof ze drécken. Am grousse Ganze wier et wichteg, d’Betriber ganzheetlech an hirer digitaler Transitioun ze begleeden. An engem weidere Schratt soll och u Méiglechkeete fir d’Facturatioun tëscht de Betriber geschafft ginn.