
„Eisen Job besteet doranner, fir Liewen ze retten. Mer hunn net als prioritär Missioun, fir Doudeschäiner auszefëllen", seet den Dr Philippe Welter. Hien ass President vum Cercle vun den Anesthesistes-réanimateurs.
"Virun allem um Samu gi mer dacks geruff a sollen en Doudeschäin ausfëllen. Mer kënnen d’Geschicht vum Patient net a sinn duerch dës Missioun dacks éischter belaascht. Wa mer dann nach eppes Suspektes op der Plaz feststellen, si mer iwwerfuerdert, well dëst net zu eisem Job gehéiert. Mer froen eis, firwat an esou Fäll kee Geriichtsmedeziner op d’Plaz geruff gëtt. Si hunn déi néideg Kompetenzen a kënne sech e komplett Bild vum Affer maachen."Den Ausléiser vun dëser Feststellung ass d’Geschicht vun der irescher Fra Moyra Killeen, déi mer an engem Artikel am Dezember 2020 dokumentéiert hunn.
An dësem präzise Fall hat den Dokter vum Samu um Doudeschäin d’Rubrik "Mort violente et suspecte" ausgefëllt.
D’Police war op der Plaz. De Parquet huet d’Läich fräi ginn, well et keen offensichtlechen Indice op Friemawierkung gouf.
Zwee Méint drop huet de Parquet awer eng Autopsie ordonéiert. D’Fra war awer nach virun der Autopsie ageäschert ginn.
"Mer si personell net esou opgestallt, dass mer als Geriichtsmedeziner dës Aufgab, fir bei jiddwer suspekte Doudesfall op d’Plaz ze fueren, kéinten iwwerhuelen. Et kënnt a seelene Fäll allerdéngs vir. Mä dann huet de Parquet eis den Uerder ginn, fir eis op d’Plaz ze deplacéieren“.
Äntwert den Dr Andreas Schuff, deen den Departement vun de Geriichtsmedeziner hei am Land leet.
„Denkbar wär et allerdéngs, dass d’Läich mat enger virleefeger Doudesbescheinegung an de Staatslaboratoire (LNS) transportéiert gëtt a mer dann als Geriichtsmedeziner e Bléck op d’Läich geheien.“
Bei eisen däitschen Noperen gëtt et an de meeschte Bundeslänner och esou gereegelt. Doktere vum Samu (Notärzte) stellen op der Plaz e provisoreschen Doudeschäin aus. Doranner gëtt an der Haaptsaach de sécheren Doud festgehalen. An enger 2. Etapp gëtt en 2. Dokter matabezunn, deen dann d’Läich genee ënnersicht an en definitiven Doudeschäin ausstellt.
"Mä wie géif eis zu Lëtzebuerg dann den Optrag fir dës „Leichenschau“ ginn? Wann et net de Parquet oder den Untersuchungsriichter wär, da kéinte mer e Problem am spéidere Verlaf vun der Enquête hunn. Well, wann dann eng Autopsie gemaach géif, wäre mer jo befaangen an kéimen fir eng Expertise net méi a Fro.“
Spezifesch a systematesch Statistiken iwwert „Morts violentes et supectes“ ginn zu Lëtzebuerg keng gefouert.
Seet d’Santé op Nofro hin.
De Gesondheetsministère kréich den 1. Volet vum Doudeschäin (Volet A) och net geschéckt. Am Volet A steet dran, wat den Dokter als méiglech Doudesursaach ukräizt. Dësen Volet gëtt un d’Gemenge verschéckt, wou d’Persoun verscheet ass.
Zenter Mee 2020 huet den Doudeschäin och geännert.
Dat Wuert „suspekt“ ass gestrach ginn. (2)
Den neien Doudeschäin ass allerdéngs nach net bei den Acteuren um Terrain ukomm, sou den Dr Philippe Welter.
Wat net geännert huet, ass d’Tatsaach, dass eng "Mort violente et suspecte" automatesch eng Autopsie no sech zitt.
Äntwert de Justizspriecher Henri Eippers op Nofro hin.
„Et gëtt ëmmer vu Fall zu Fall gekuckt an dann eng Decisioun vum Parquet geholl an natierlech muss d’Police op d’Plaz goen.“
(1)https://www.rtl.lu/news/national/a/1626305.html
(2) http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2020/05/20/a456/jo
(3) Art. 44. (L. 16 juin 1989)
(1)
En cas de découverte d'un cadavre, qu'il s'agisse ou non d'une mort violente, mais si la cause en est inconnue ou suspecte, l'officier de police judiciaire qui en est avisé informe immédiatement le procureur d'Etat, se transporte sans délai sur les lieux et procède aux premières constatations.
(2)
( L. 18 mai 2007) Le procureur d’Etat se rend sur place s’il le juge nécessaire et se fait assister de personnes capables d’apprécier la nature des circonstances du décès. Il peut, toutefois, déléguer aux mêmes fins un officier de police judiciaire de son choix. Le procureur d’Etat dispose des pouvoirs visés aux alinéas 1 et 2 de l’article 43-1 aux fins d’identifier le cadavre et de découvrir les causes du décès. Les alinéas 2 et 3 de l’article 43-1 s’appliquent.
(3)
Sauf si elles sont inscrites sur la liste des experts assermentés établie par le ministre de la Justice, les personnes ainsi appelées prêtent, par écrit, serment d'apporter leur concours à la justice en leur honneur et en leur conscience.
(4)
( L. 18 mai 2007) Les dispositions des trois paragraphes qui précèdent sont également applicables en cas de découverte d’une personne grièvement blessée lorsque la cause de ses blessures est inconnue ou suspecte.
(5)
( L. 6 octobre 2009) Lorsqu’une autopsie est ordonnée, les proches sont autorisés à voir le corps du défunt. Le juge d’instruction qui a ordonné l’autopsie apprécie la qualité de proches des requérants et décide du moment où le corps du défunt pourra leur être présenté. Cette décision n’est susceptible d’aucun recours.
RTL NEWS: Ageäschert virun der Autopsie "Mort violente et suspecte": Den Doud vum Moyra Killeen