No Kritik wéinst FotoE Fluch fir op Porto war e Freideg iwwerbucht

RTL Lëtzebuerg
Op Facebook hat eng Foto fir vill Gespréich a Kritik gesuergt. Hei waren extrem vill Leit um Findel ze gesinn, dat an Zäiten, wou dëst evitéiert soll ginn.
No Kritik wéinst Foto
E Fluch fir op Porto war e Freideg géint d'Erwaardungen iwwerbucht.

De Generaldirekter vum Luxairport, de René Steinhaus huet RTL Erklärunge ginn zu dëser Foto, déi iwwregens net e Samschdeg, mä e Freideg den Owend entstanen ass.

Wéi et heescht, hätt et sech ëm e Fluch op Porto gedréit, dee komplett iwwerbucht war. Hei huet deelweis och d'Police geruff ginn, fir tëscht den opgereegte Passagéier de Sécherheetsofstand um Fluchhafen ze garantéieren.

Back to Top
CIM LOGO