
E Méindeg den Owend goufen et a Mëtteleuropa eng ganz Partie Meldungen vun enger grénger heller Feierkugel am Himmel. Ëm wat et sech genee gehandelt huet, ass net mat Sécherheet kloer, virun allem wéinst der grénger Faarf vum Himmelskierper.
Zu Lëtzebuerg gouf et eng Siichtung vun engem Zeien am Süde vum Land. Hei gëtt den Objet als zimmlech hell mat engem grénge Schimmer beschriwwen.

Aller Viraussiicht no handelt et sech hei awer weder ëm en UFO nach ëm soss en onerklärlecht Phenomen, mä wuel ëm e Meteorit, deen d’Äerdatmosphär duerchgebrach huet, an och an deene meeschte Fäll einfach opliicht a verläscht.