CGDISE Kichebrand, eng Wiss hat Feier gefaangen an en Auto am Gruef

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt e Kichebrand e Sonndeg géint 21.30 Auer zu Äischen.

D’Pompjeeë vu Mamer, Habscht a Stengefort waren am Asaz. Et blouf beim Materialschued.

Ee Blesséierte gouf et kuerz virdrun um Vesquenhaff, wou en Auto an de Gruef gaange war.

Duerch dat waarmt an dréchent Wieder aus de leschten Deeg klëmmt dann d’Bëschbrand-Gefor och weider. E Sonndeg am fréien Owend huet zu Schlënnermanescht effektiv schonn eng Wiss a Gehecks gebrannt. D’Pompjeeë vu Buerschent, Housen aus aus dem Kiischpelt hu geläscht.

Back to Top
CIM LOGO