Een dovun ass de Jean-Claude Hennicot, hien huet sech niewebäi och nach en Dram erfëllt. Den Tim Morizet huet sech mam Lëtzebuerger zu Vientiane getraff.
Op der Visitt am Laos huet de Lëtzebuerger Kooperatiounsministère seng Intentiounen nach eng Kéier ënnerstrach, sech weider wëllen am südostasiatesche Land ze engagéieren.
De medezinesche Beräich ass a bleift ee vun den Haaptschwéierpunkte vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef. Lëtzebuerg ass zanter 20 Joer am Laos aktiv.
E Mëttwoch an der Mëttesstonn gouf zu Vientiane e bilateraalt Partenariat tëscht béide Länner ënnerschriwwen. Hei gouf d’Entwécklungshëllef bis 2020 nach eng Kéier ëm 11 Millioune gehéicht.