DikrechE Mann no Kläpperei tëscht méi Persoune verletzt

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.30 Auer e Samschdeg de Moie koum op der Place de la Libération zu enger Kläpperei, un där méi Leit bedeelegt waren.

Eng Persoun gouf dobäi verwonnt, si hat Schnëttblessuren um Aarm. D’Affer gouf nach op der Plaz versuergt a koum dono an d’Spidol.

Am Kader vun den Ermëttlungen gouf och eng Sich no de méiglechen Täter fonnt an dobäi konnten zwou verdächteg Persounen gestallt ginn. Si goufe protokolléiert an Ermëttlunge géint si lafen.

Back to Top
CIM LOGO