Déi 93. EditiounE Méindeg ass d'Stater Braderie an dat erëm an hirer traditioneller Form

RTL Lëtzebuerg
Dobäi kann een awer och schonn e Samschdeg an e Sonndeg gutt Affäre maachen.
Preview op déi 93. Editioun vun der Stater Braderie
Aus dem traditionelle Kiermesméindeg ass antëscht e ganze Weekend ginn, wou d’Geschäfter bradéieren, seet d’Mireille Rahmé.

Et wier an tëscht eng Institutioun, huet d’Presidentin vun der Union Commerciale Mirelle Rahmé op der Pressekonferenz betount.

Aus dem traditionelle Kiermesméindeg ass antëscht e ganze Weekend ginn, wou d’Geschäfter bradéieren, seet d’Mireille Rahmé: “Et dierf een net vergiessen, datt de Fouerméindeg soss e Feierdag war, wat elo net méi esou ass. Fir jidderengem d’Geleeënheet ze ginn, vun de gudden Affären ze profitéieren, ass d’Braderie an tëscht 3 Deeg.”

Fir d’Commercen heescht d’Braderie awer och eng Hellewull u Preparativen: “Se mussen decidéieren, wat se wëlle bradéieren, d’Präisser gekuckt a geännert ginn, et muss opgeriicht ginn, se mussen Leit engagéieren, fir ze hëllefen. Dat alles ass mat Käschte verbonnen.”

Dat d’Inflatioun en Impakt op d’Braderie hätt, dat mengt d’Presidentin vun der Union Commerciale net. Ech mengen d’Leit kréie méi fir hir Suen. Et si vill Rabatter do. Et sinn och scho Butteker, déi scho Prozenter op der neier Kollektioun maachen. Wa Leit dovu wëlle profitéieren, sollen se e Samschdeg, Sonndeg a Méindeg op d’Braderie kommen.

PDF: D'Kaart am Detail

Back to Top
CIM LOGO