Op eise StroossenE puer Accidenter an e puer Permise wéinst ze vill Alkohol fort

RTL Lëtzebuerg
En Accident gouf et e Méindeg de Moie kuerz virun 8 Auer op der B7 tëscht Ettelbréck a Schieren.
© Domingos Oliveira / RTL

Zwee Autoe waren hei aneneegerannt. Zwou Persoune goufe beim Accident blesséiert. Op der Plaz waren zwou Ambulanze vun Ettelbréck an de CIS vu Colmer-Bierg.

E Sonndeg den Owend géint 19.30 Auer war och op der B7 en Auto op d'Kopp gaangen. Eng Persoun gouf verwonnt. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Ettelbréck, grad ewéi d'Pompjeeë vu Colmer-Bierg.

An der Nuecht op e Méindeg haten och nees eng Partie Chauffeuren ze vill gedronk. Zu Esch war géint 23 Auer en Automobilist op eng Verkéiersinsel gefuer a géint eng Stroossebeliichtung gerannt, nodeems hien d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat. De Mann hannert dem Steierrad gouf net blesséiert, ma hat awer Alkohol konsuméiert. Den Alkoholtest war positiv, sou datt e provisorescht Fuerverbuet ordonéiert an de Permis ofgeholl gouf.

An der Route de Longwy zu Rodange ass eng Policepatrull e Samschdeg den Owend kuerz no 20 Auer op ee verongléckten Auto opmierksam ginn, deen a Richtung Frankräich op der Héicht vun der Tankstell an een aneren Auto um Bord vun der Strooss gerannt war. Béid Autoe goufen duerch d'Kollisioun staark beschiedegt. Och hei war Alkohol am Spill. Den Alkoholtest war positiv, sou datt e provisorescht Fuerverbuet ordonéiert an de Permis ofgeholl gouf.

Ze vill Alkohol hat och e Chauffeur gedronk, dee bei Wolwen ënnerwee war. Op der N23 tëscht Kimm a Roumecht huet d'Police en Auto kontrolléiert, dee mat de Winkeren un ënnerwee war. De Chauffer huet bei der Kontroll uginn, datt hien an d'Leitplanke gerannt wär. De Mann gouf net blesséiert, ma wéinst dem ze héijen Alkoholtaux huet hien net méi dierfte weiderfueren. Den Auto gouf immobiliséiert, de Permis ofgeholl an e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

Kuerz virun Hallefnuecht hat et zu Bartreng op enger Terrass gebrannt. Hei ass et beim Materialschued bliwwen. D'Ambulanz vu Mamer an d'Pompjeeë vu Mamer, Bartreng an aus der Stad goufen op d'Plaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO