CGDIS melltE puer Bränn an Damp uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt, datt ee Camion zu Bech gebrannt huet. D'Pompjeeë sinn op der Plaz, et gouf keng Persoun blesséiert.
© CGDIS

Wei de CGDIS matdeelt, ass zu Bech an der Iewechtgaass een Dreckscamion a Flamen opgaangen. Op de Biller ass ze gesinn, datt et deels zu enger staarker Dampentwécklung koum. D’Pompjeeë waren op der Plaz, et ass keng Persoun zu Schued komm.

© Domingos Oliveira
© Domingos Oliveira

An der rue des Gaulois zu Bouneweg gouf et iwwerdeems eng Pompjeeëskontroll, well et aus engem Uewe gedämpt hat.

Zu Ierpeldeng-Sauer an der rue Aloyse Birckel hat iwwerdeems d’Isolatioun vun engem neien Dag Feier gefaangen. D’Pompjeeë vun Angelduerf an der Nordstad souwéi d’Ambulanz aus der Nordstad waren op der Plaz. Zwou Persoune goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO