
Kuerz no 6 Auer e Sonndeg de Moien huet sech zu Bartreng op der Lonkescher Strooss en Auto iwwerschloen. D'Pompjeeë vu Bartreng, Mamer an aus der Stad waren op d'Plaz geruff ginn, grad ewéi eng Ambulanz vu Mamer. Eng Persoun gouf blesséiert.
Bal ëm déi selwecht Zäit hat et op der N14 tëscht Dikrech a Steeë gerabbelt, Hei war en Auto an de Gruef geroden an och eng Persoun gouf verwonnt. Rettungsservicer aus der Nordstad waren am Asaz.
Géint 7:40 Auer huet et zu Bartreng gebrannt. Weider Detailer mellt de CGDIS net, ausser dass eng Persoun verwonnt gouf. D'Pompjeeë vu Bartreng a Mamer waren op d'Plaz geruff ginn, fir ze läschen. Spéider huet d'Police matgedeelt, dass bei deem Brand zwou Läichen entdeckt goufen.