Matgemaach hunn divers Ministèren, d’Chamber, d’Cité judiciaire, d’Zentralbank asw... De Leit gouf e Samschdeg fir d’Porte ouverte de rouden Teppech ausgeluecht. Eng Rei spannend Saache ware bei diverse Visitte gewuer ze ginn.
Hannert den zouenen Diere vum Staatsrot ginn normalerweis Avisen zu Gesetzesprojete geschriwwen. Mat um groussen Dësch, quasi als Preparatioun fir spéider, sëtzt dann e besonnesche Member.
Patrick Santer, Vizepresident vum Staatsrot: Säit schonn enger gewësser Zäit ass et esou, dass den Ierfgroussherzog Member vum Staatsrot ass. E sëtzt och an zwou Kommissiounen. An der Ekonomie an an der Sozialkommissioun.
Vum Staatsrot awer weider an d’Zentralbank um Boulevard Royal. Eng zimmlech jonk Institutioun.
Gaston Reinesch, Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Zentralbank: Et dierf ee jo net vergiessen, dass Lëtzebuerg keng Zentralbank hat ier den Euro agefouert ginn ass. Eng Konditioun, fir an den Euro ze kommen, war, dass e Land och eng Zentralbank huet. Dofir ass jo vun 98 un déi Lëtzebuerger Zentralbank och aktiv. Dat heescht mir hunn och zu Lëtzebuerg net déi laang Geschicht vun enger Zentralbank wéi a Frankräich oder an der Belsch oder Holland.
Eng vun hire Missiounen ass d’Distributioun vu Suen un d’Banken hei am Land. Gedréckt ginn d’Schäiner awer net am Grand-Duché.
Patrice Bernabei, Chef vum Departement Caisse et numismatique: Dat gëtt alles am Ausland gemaach. D’Billjeeë ginn an dräi verschidden Imprimerien an Europa gedréckt. Zwou an Däitschland an eng a Frankräich.
D’Mënz ginn iwwregens an Holland gepresst. Den Dag vun der Liwwerunge vun de Suen op Lëtzebuerg ass dann eng méi lass.
Gaston Reinesch: Et gëtt awer ni gesot, wéini dat ass. Wa bemol hei de Boulevard Royal gespaart gëtt. An da sti Poliziste mat Cagoullen a Maschinnegewierer do. Dat heescht, da kënnt e Geldtransport op Lëtzebuerg.
Suen a Geschichten ëm d’Suen interesséieren d’Leit. Awer och déi vun der Fälschung. Dofir kruten d’Visiteure gewisen, wéi se dës identifizéiere kënnen.
Patrice Bernabei: Mer erklären de Leit d’Sécherheetsmerkmaler vun de Billjeeën. D’Prozedure wéi een e Billjee identifizéiert: Fillen, kucken, kippen.
En einfachen Exercice, deen d’Vertrauen an d’Boergeld stäerkt. D’Demande no dësem géing besonnesch bei Krisen nees an d’Luucht goen, huet et geheescht.