2019 war bis elo e staarkt soziaalt Joer an deem sozialistesch Fuerderungen ëmgesat goufen, dat war de parlamentaresche Bilan vun der LSAP e Freideg de Mëtten. Mat der Erhéijung vum Mindestloun, dem REVIS, dem Europadag, an dem Gesetz iwwert d'Aarbechtszäitkonten am Privatsecteur wiere staark politesch Akzenter gesat ginn, esou den Alex Bodry. De Fraktiounschef huet sech iwwert en Zitat "volontaristeschen" Budget gefreet.
E Budget bäi deem ongeféier d’Hallschent Sozialausgabe wieren, esou den Alex Bodry, mat Rekord-Investissementer am Ëmweltberäich. Eng vun de Prioritéit vun der LSAP an der Zukunft wier et d’Roll vun der Chamber ze stäerken, et dierft net nëmmen drëm goen, Gesetzer ofzestëmmen, ma et misst och op den Inhalter geschafft ginn.
Kritik gouf et e Freideg de Mëtten un der CSV, déi viru Kuerzem gedreet huet, d’Verfassungsreform net matzedroen, un där schonn zanter iwwer 15 Joer parteiiwwergräifend geschafft gëtt. Den Ultimatum vun der CSV wier verantwortungslos, esou den Alex Bodry.
Am Hierscht soll am Fong d’Sensibiliséierungscampagne fir d’Verfassungsreform ufänken. E Méindeg géif de Chamberbüro zesummekommen, fir sech ze beroden, wéi dës dann elo soll organiséiert ginn. D’Servicer vun der Chamber hätten d’Campagne an de leschte Méint scho preparéiert, esou den Alex Bodry: „Do si Filmer produzéiert ginn, et sinn Traductioune gemaach gi vun den Texter, si schaffen u Vereinfachunge vun den Texter, et geet jo drëm och eng Sensibiliséierung ze erreechen - wat ass eng Verfassung, firwat ass se do, firwat brauche mer eng, wat sinn déi wichteg Punkten, wat bleift wat ännert, dat muss jo opgeschafft ginn an enger relativer verständlecher Form an déi Aarbechte lafen zënter Méint.“
An de Koalitiounsverhandlunge war festgehale ginn, datt d’LSAP den EU-Kommissär fir Lëtzebuerg stelle géif, an zwar den Nicolas Schmit. Wann d’Ursula von der Leyen en Dënschdeg vum EU-Parlament géif gewielt ginn, an all Land froe géif fir e Mann an eng Fra ze proposéieren, géif d’LSAP an enger interner Prozedur eng Kandidatin sichen, esou den Deputéierten a Parteipresident Franz Fayot op Nofro hin. Déi sozialistesch Regierungen an der EU wéilten awer elo schonn zesummen d’selwecht vill Frae wéi Männer schécken: „Wann et e Problem gëtt mat der Gender-Paritéit, dann ass dat éischter um Niveau vum EPP a wahrscheinlech och vun de Liberalen. Raison de plus fir ze soen, dass et vläicht net onbedéngt un de Sozialisten ass fir deenen aneren hir Gender-Problemer ze kompenséieren.“
Déi europäesch Sozial-Demokrate wiere bis elo inhaltlech nach net iwwerzeegt vun der Ursula von der Leyen als Kommissiounspresidentin, esou d’LSAP.