Scho virun der Decisioun, hire Besëtz am fréieren Industrie-Deel vun der Stad ze verkafen, wier et fir si kloer gewiescht, dat aalt administratiivt Gebai vun Heintz van Landewyck, op der Hollerecher Strooss z’erhalen, erkläert den Direkter vum Grupp wärend der Visite-guidée. Déi féiert hannert elo national protegéiert Maueren aus den 30er Joren, déi fir dat Modernt vun der Epoque stinn, an an der Tëschenzäit zu enger begierter Büros-Adress mutéiert sinn.
Nostalgie pur, am alen “Heintz-Gebai” op der Hollerecher Strooss. Hei leeë se Wäert op hir Familljentraditioun: hei schéngt dat vu fréier eescht geholl a geéiert ze ginn. Nieft dem “Quartier Nei Hollerech” vu muer, steet a bleift dat Aalt. D’Substanz aus den 30er gouf mat där richteger Dosis modern Innenarchitektur a virun allem mat Goût zu engem reegelrechte, funktionelle Bijou.
Gebaut gouf deemools avantgardistesch. Heintz van Landewyck vis à vis vum alen Arbedsgebai, dat nëmmen eng 12 Joer méi huet. Do gesäit ee wat modern heescht!
“Mir sinn hei an der Mëtt vun den 30er an déi Architekte bauen hei e modernt Gebai, wierklech am Sënn vum Wuert. Et ass e Gebai, wat wëll lëfteg sinn, wat wëll Luucht huelen, wat wëll hygienesch sinn. Dat Gebai huet och déi typesch Mierkmoler vun der Architektur vun deemools: Et huet horizontal Fënsterbänner, e Flaachdaach, Terrassen. Et ass och sozial immens interessant wéi et fonctionéiert: Um leschte Stack ass eng Kantin, déi Terrassen huet. D’Personal kann erausgoen. Et huet een interessante konstruktiven Aspect. Paul Wurth huet eng réng Stolkonstruktioun hei gebaut.”, erkläert eis de John Voncken vun der INPA.
Begeeschterung dann och fir d’Trapenhaus, an deem dat vertikaalt an och d’Eise spillt. Iwwerhaapt sinn d’Experten héich zefridde mat der Restauréierung, respektiv dem Ëmbau am Respekt vun der Zäit, wou hei nach “d’Heintzen"-Administratioun souz an och den Departement vun der Chimie. Haut schaffen hei verschidde Firmen, deenen hir Leit sech nawell wuel fillen an dësem spezielle Kader.
LandImmo gehéiert zum Grupp, geréiert hei de Patrimoine an huet den Ëmbau begleet. Och bei hinnen herrscht allgemeng Zefriddenheet wat d’Kooperatioun mam INPA ugeet. Et wier ee sech allgemeng eens gewiescht a fir de Rescht hätten den INPA a si vunenee geléiert, erkläert de Jürgen Primm, CEO vu LandImmo Real Estate.
Dës Reussite ass also d’Resultat vum Sënn vun enger Famill fir d’Geschicht an allgemeng hire Respekt fir de Lëtzebuerger Patrimoine. Dat finanziellt Investissement hätt emol net esou gespillt, soe si. Well d’Gebai national geschützt ass, wäert eis dësen Deel Industriegeschicht wuel net esou séier verluer goen.