Tour MalakoffE Stéck Patrimoine fir d'Lëtzebuerger Scouten

Monique Kater
Wann ee vum Kierchbierg erof a Clausen fiert, gesäit een an der Kéier vum Milliounewee en Tuerm stoe mat eng Fleur de Lys un der Fassad.
Tour Malakoff: E Stéck Patrimoine fir d'Lëtzebuerger Scouten
Wann ee vum Kierchbierg erof a Clausen fiert, gesäit een an der Kéier vum Milliounewee en Tuerm stoe mat eng Fleur de Lys un der Fassad.

En Ofzeeche vun de Scouten.

Dat spartanescht Douanes-Haischen aus dem 19. Joerhonnert, dat an der Zäit fir Partie verlount ginn ass, gehéiert dem Staat a gouf fir iwwer 1 Millioun € restauréiert! Haut ass de Malakoff-Tuerm de Sëtz vu Scouting in Luxembourg. D’Restauratioun ass “class”, bannen am Stil vun engem “Designhotel”.

Geschicht vun de Steng

Se sinn net ural wéi d’Dräi Eechelen, déi an de 1730er gebaut goufen, mee d’Pläng si vun 1859. De Juddentuerm, wéi e fréier genannt gouf, ass net zesumme mat der Festung geschleeft ginn, mee d’Paart donieft war an ass d’Entrée fir an d’Stad bliwwen, wann ee laanscht de Juddekierfecht, de Weimeschafferwee erof komm ass.

Fréiert Zoll-Haischen

Hei gouf den Zoll op d’Wuere verluecht. Den Douanier huet wuel uewenop gewunnt. Wann deen dat renovéiert géif gesinn, hie wier sécher begeeschtert!

Vun ënnen aus de Rez-de-chaussée, wier bommesécher gebaut ginn. Do sinn haut sanitär a Kichen-Installatiounen. Eng perfekt Renovatioun, seet de Scout. Eng douce, schreiwen d’Architekten, déi vun de Spezialiste vum Inpa begleed gi sinn. Well an der Zäit war d’Tour Malakoff – den Numm kënnt aus dem Krim-Krich am virleschte Joerhonnert - also den Tuerm war an der Stad eng vun den Top Party-Plazen.

Scho bal ëmmer de Scouten hiren Tuerm

Haut gëtt d’Tour Malakoff fir d’éischt un d’Scouten verlount. Si ass haut de Sëtz vu “Scouting in Luxembourg ». Schonn eleng d’Iddi vun enger Nuecht hei am Tuerm misst och dee leschten, deen zeckt, iwwerzeegen, seng Kanner an d’Scouten ze schécken. De Malakoff-Tuerm: eng eenzegaarteg Plaz um Bord vun de Stater Faubourgen.

Back to Top
CIM LOGO