Spéitstens zanter der Münchener Sécherheetskonferenz 2007 war kloer, datt de Putin de Wee vum Revanchismus aschloe géif. Dat seet de Vasily Korablev, e Russ dee virun 2 Joer mat senger Famill op Lëtzebuerg geplënnert ass, well e wollt, datt seng Duechter an engem Land mat westleche Valeuren opwuesse géif. Wat ass seng Analys vun der Situatioun an der Ukrain? Ass domadder ze rechnen, datt d’russesch Populatioun sech géint hire President erhieft?
Déi russesch Invasioun vun der Ukrain. Biller vun zerstéierte Stied, zerbommte Spideeler, Zivilisten, déi stierwen, an Honnertdausende Mënschen op der Flucht. De Vasily Korablev leit mat den Ukrainer.
Vasily Korablev: “Et ass eng Katastroph. Meng Famill an ech kräische vill. Fir eis ass dat hei net just e Krich an der Ukrain. Et ass e Weltkrich tëscht Fridden a Revanchismus. De Kampf tëscht Zivilisatioun an dem Schlechten. Wann de Westen de Putin heimadder duerchkomme léisst, wäert dat selwecht an anere Länner geschéien.”
D’Solidaritéit mat der Ukrain - eng kloer Saach fir d’Famill Korablev, déi virun 2 Joer vu Moskau op Lëtzebuerg geplënnert ass. Jorelaang huet den IT-Expert observéiert, wéi d’Politik a Russland geännert huet.
“Zanter dem Putin senger Ried 2007 zu München, ass seng Politik an de Revanchismus iwwergaangen. Mir hu geduecht, mir kéinte mam ganze Land Oppositioun maaachen, mee um Enn ware mir an der Minoritéit an hu Russland verlooss.”
Datt Russland militäresch an d’Ukrain afale géif, war fir de Vasily just eng Fro vun der Zäit. A sengen Ae goufen et an de leschte Jore kloer Virzeechen. Op déi de Westen net ëmmer decidéiert genuch reagéiert hätt.
“Ech denken, datt seriö Sanktiounen nom Krich an Tschetschenien, no Georgien an no der Krim, de Putin warscheinlech gebremst oder gestoppt hätten.”
De Vasily Korablev seet hie wier immens dankbar, fir kënnen ëffentlech iwwer de russesche Krich ze schwätzen. A senger Heemecht kéim hien dofir an de Prisong. Ënnerdréckung a Propaganda ginn a Russland Hand an Hand. Mat engem Opstand vum russesche Vollek rechent de Mann net esou séier.
“Am Verglach mat de wéinege Leit, déi 1968 bei der Invasioun vun der Tschechoslowakei op d’Strooss gaange sinn, schéngen déi Dausende Leit haut vill. Mee et ass u sech just e klenge Prozentsaz vun der Populatioun. Et ass ze schwéier, ze protestéieren, a si hoffen op d’Ënnerstëtzung vun der Weltgemeinschaft.”
Fir de Krich ze stoppen, misst de Weste seng haart Linn géint Russland onbedéngt bäibehalen a sech net vum Putin senge Menacen aschüchtere loossen, seet de Vasily Korablev. De Mann ass net sécher, ob hien a seng Famill jeemools wäerten an hir al Heemecht kënnen zréckgoen.
