Dem Doud vun der Schëpp gesprongen"Ech hunn ugefaangen, anescht duerch d'Liewen ze goen"

Pierre Weimerskirch
Et war e waarme Summerdag, ideaalt Wieder fir Moto ze fueren, esou beschreift de Jeff Katzenmeier den Dag, dee säi Liewe sollt veränneren.

Et war den 2. August 2003. Ënnerwee op der Tréierer Autobunn ass ënnert der Fligerbréck e Camion vun der anerer Säit op seng Spuer komm. En Auto krut de Camion frontal ze packen. Déi zwou Persounen am Auto si gestuerwen.

Extrait aus dem Journal vum 2. August 2003
D’Biller vum Accident bei deem 2 Mënschen em d’Liewe koumen.

De Jeff ass mam Moto an den Auto geknuppt a gouf schwéier blesséiert. Säin Häerz huet wärend enger gewësser Zäit net méi geschloen. U vill konnt sech den deemools 43 Joer ale Mann net méi erënneren.

Extrait 1

“Dat Eenzegt, wat ech nach weess, ass eben, dass ech zu engem gewëssenen Ament sou eng Trap gesinn hat. Ech sinn do eropgaangen, a wei ech uewen ukomm sinn, do huet d’Sonn geschéngt. Et war hell a lauter giel Blummen, dat weess ech nach. An dat Nächst, wat ech gesinn hunn, dat sinn um Plaffong, do waren esou Lächer dran, Entlëftungen. Dat war wéi ech an der Rea war.”

Seng Fra war deen Ament bei him a sot: “Et gëtt erëm alles gutt.”

“Den Doud gehéiert zum Liewen”

Spidol a Rea hunn an de Méint duerno d’Liewe vun der Famill bestëmmt: Nees leieren ze goen, eegestänneg ze ootmen. Haut, 20 Joer méi spéit, kann de begeeschterte Motorradsfuerer iwwert des schwiereg Zäit schwätzen. Ee Joer nom Accident ass hie fir déi éischte Kéier nees schaffe gaangen.

“Ech hunn ugefaangen, anescht duerch d’Liewen ze goen, mat den Aen méi op. Ech hu selwer gemierkt, dass et ganz séier ka goen. Free dech einfach op dat, wat kënnt, a free dech op däin Dag.”

D’Famill a Frënn hätten him deemools an och haut nach Kraaft ginn. Mëttlerweil ass de Papp vun dräi Kanner selwer duebele Bopa.

Zweete Schicksalsschlag MS

D’Verhältnis zum Doud wier nom Accident en anert ginn. Den Doud wier en Deel vum Liewen. Angscht do virdrun huet de Jeff Katzenmeier elo net méi. Freed um Liewen huet de Mann vun 63 Joer nach ëmmer.

Extrait 2

An dat obwuel mëttlerweil en zweete Schicksalsschlag säi Liewe präägt. Virun e puer Joer krut de Schëfflenger d’Diagnos MS (Multiple Sklerose). Eng chronesch Immunkrankheet.

“Famill gëtt mir d’Kraaft, positiv ze bleiwen”

D’Diagnos wier am Ufank eng Kombinatioun vun enger grousser Enttäuschung an e bëssen Angscht gewiescht. D’Fro, wat geschitt elo mat mir, hätt permanent am Raum gestanen.

Am ganze Gespréich spiert een, dass de Jeff Katzenmeier ee positive Mënsch ass: “Ech hunn eben elo déi puer Boboen, do muss ech dat Bescht draus maachen. Ech sti mueres op a kucken, wat da geet.”

Extrait 3

De Message, deen de Mann un anerer huet, déi an enger schwiereger Situatioun sinn: Egal wéi kënnt nees eng Zäit, wou ee Laache kann.

Back to Top
CIM LOGO