Den Elias Scheer am Portrait"Ech sinn den éischten Trans-Mann an der Police"

RTL Lëtzebuerg
"Mënsch ass Mënsch" heescht den Instagram-Account säi Projet mat deem hie säi Sport, den Triathlon, mam Engagement fir d’LGBTIQ+ Communautéit verbënnt.
Den Elias Scheer am Portrait
Hien ass den éischten Transmann bei der Police a setzt sech géint Virurteeler ronderëm LGBT+ Themen an.

“Am Fong wollt ech de Sport mat der LGBT-Thematik kombinéieren, well am Sport ass d’LGBT-Thematik nach relativ Tabu an do wollt ech da gläichzäiteg am sportleche Sënn Sue sammele fir eis Communautéit, déi da géifen un de Cigale gespent ginn.”

Ëmmer nees kritt hie mat, wéi Mënschen aus der Communautéit behandelt ginn. Etüden no hu Mënschen, deenen hir Geschlechtsidentitéit net mat deem Geschlecht iwwerenee stëmmt, dat si bei der Gebuert zougeschriwwe kruten, méi een héije Risiko eng mental Krankheet ze kréien, wéi Depressioune bis hin zu Suicidegedanken. “Ech kréien niewebäi mat, wéi Matmënsche behandelt ginn an dat ass natierlech net flott, wann ee gesäit, bei mir ass et am Fong gutt gaangen an anerer hunn Depressiounen oder Suicidegedanken, einfach well Matmënsche béisaarteg sinn an eekleg sinn.” Och wa säi Coming Out éischter positiv ofgelaf wär. “Et war eng stresseg Situatioun fir mech, ech hu mir immens vill Froe gestallt.”, erënnert hie sech. Wéi reagéiert seng Famill? Seng Frënn? Säin Ëmfeld a seng Aarbechtskolleegen?

Seng Suerge goufen awer net Realitéit: “Um Enn war et guer net esou, d’Leit ware mega positiv. Si hu gesot, dat ass fir eis kee Probleem. Si hu sech mega engagéiert, et war keen dee mech elo iergendwéi verstouss huet.” Viru véier Joer huet hien d’Entscheedung geholl, fir eng Transitioun zum Mann ze maachen. Bis dohin huet hien als Fra gelieft, wärend der Corona-Pandemie hat hie méi Zäit nozedenken. “Ech hunn einfach gemierkt, dass ech, esou wéi ech grad liewen, esou net glécklech ka sinn an dunn hunn ech eben entscheet, éierlech mat mir selwer ze sinn.”

Eng Persoun, déi hie wärend sengem ganze Wee ënnerstëtzt huet, war seng Frëndin d’Laura Da Cruz: “Hie war virdru schonn ee froue Mënsch no baussen hin op jiddefalls mol. An awer, et huet ee gemierkt, dass ab deem Moment, wou hien ugefaangen huet, d’Transitioun ze maachen, dass hien ëmmer méi opbléit. An dass en aus sech rauskënnt. An dee ka sinn, deen hien ëmmer wollt sinn an deen hien ëmmer war eigentlech.”

Zesummen hu si sech iwwert déi eenzel Schrëtt gefreet, ëmmer wa si nees eng Verännerung festgestallt hunn. Trotzdeem ass net ëmmer alles positiv. Den Elias Scheer huet sech am Viraus vill informéiert a krut och Berodunge bei der Intersex an Transgender asbl an dem Centre Cigale. Vill huet hien och op de soziale Reseauen nogesicht: “Wéi jidderee wees, sinn d’sozial Netzwierker och bekannt dofir, fir déi negativ Fassaden ze verstoppen. Dat heescht, ech hunn u sech just dat positiivt gesinn, awer all déi Operatiounen, wéi vill Wéi ee kann hunn, natierlech och wéi d’Reaktioune vun de Leit kënne sinn... Dat weist een oft op de sozialen Netzwierker net. An do wär et flott gewiescht, wann ech hei zu Lëtzebuerg ee gehat hätt, deen ech hei perséinlech hätt kéinte méi kenneléieren an och, wou ech eppes Gräifbares gehat hätt.”

Dofir wëll hien elo ee Virbild sinn, hie wär oppe fir all Froen a wëll aneren hëllefen, hire Wee ze maachen. Op sengem Instagram-Account probéiert hien och géint Virurteeler ronderëm Transpersoune virzegoen. Op senger Aarbecht als Polizist ass d’Aarbecht fir d’LGBTIQ+ Communautéit och eng Häerzensugeleeënheet. Hien ass den éischten Transmann bei der Lëtzebuerger Police a gëtt zanter dësem Joer och Formatiounen op der Policeschoul ronderëm LGBTIQ+-Thematiken. “Ech erklären hinnen, wat déi eenzel Buschtawen heeschen an da ginn ech mat hinnen eenzel Fallbeispiller duerch. Fir dass, wa mir eng Kéier mat enger Persoun konfrontéiert sinn, déi zur LGBT-Communautéit gehéiert an, dass bësse méi ee sensibelt Thema dobäi, dass mir eis optimal kënnen upassen”, erkläert den Elias Scheer seng Aarbecht wärend de Formatiounen.

Hien ass och de Lëtzebuerger Representant vun der EGPA (European LGBT Police Association). Dat ass eng Associatioun, déi mat Europole, Frontex, Cipol an dem Conseil d’Europe, den zwee grousse Police Syndikater (EU Pol an Eurocop) zesumme schafft. D’Associatioun bitt Formatiounen am LGBT-Beräich am Zesummenhang mat der Police-Aarbecht duerch ganz Europa. 16 Länner si Member vun der EGPA, dorënner zanter dësem Joer och Lëtzebuerg.
“Meng Roll ass dann hei zu Lëtzebuerg ze kucken, dass mir als Police eis och weider entwéckelen. Dat heescht, dass mir de Leit intern noleeën, wéi déi Thematik ass. Fir dass mir si bësse besser opklären, fir dass mir de bescht méigleche Service um Bierger kënne garantéieren.”

Zu de Valeure vun der Police gehéieren och d’Objektivitéit an d’Diversitéit. Den Elias Scheer kann oppen op senger Aarbecht an am Interview iwwert seng Geschicht schwätzen. Net iwwerall op der Welt ass dat selbstverständlech. Op internationale Konferenze begéint hien ëmmer nees Kolleegen, déi sech verstoppe mussen. “Et gi Länner, do gëtt et guer net akzeptéiert, do fiert de Beamten een ‘Doppel-Liewen’, well et net toleréiert ass bei hinnen.” D’ILGA (International Lesbian, Gay, Bisexual, Trans and Intersex Association) ënnersicht all Joer d’Gesetzeslag par rapport zu LGBTIQ+-Rechter an den europäesche Länner. Lëtzebuerg läit dëst Joer op der 7. Plaz, zesumme mat Norwegen. Am beschte schneit Malta of, op de leschte Plaze sinn d’Tierkei, Azerbaijan a Russland. Hei e Link bei de Ranking.

Dem Elias Scheer seng Geschicht ass positiv a fir hie bleift et eng Häerzensugeleeënheet, d’Leit ze motivéieren, hire Wee ze maachen. Awer och fir sech géint Haass anzesetzen an dofir, dass jiddereen d’selwecht behandelt gëtt. Egal wéi ee Geschlecht, Hierkonft, Relioun, sexuell Orientéierung. Well Mënsch ass Mënsch. An dat lieft hien och.

Back to Top
CIM LOGO