Traditionelle StartschossDe Weekend war den Optakt vun der Touristesaison zu Veianen

Jeannot Ries
D'Touristesaison zu Lëtzebuerg ass agelaut. Mat vill Visiteuren aus aller Welt op dësem Ouschterweekend.
De Weekend war den Optakt vun der Touristesaison zu Veianen
D’Touristesaison zu Lëtzebuerg ass agelaut. Mat vill Visiteuren aus aller Welt op dësem Ouschterweekend.

Ronderëm Ouschtere fänkt traditionell d’Touristesaison zu Lëtzebuerg un. Wann een dervun ausgeet, dass wéinst dem Iran-Krich an den deiere Fliger-Präisser méi exotesch Destinatiounen ewechfale, gesäit et dëse Summer fir den europäeschen Tourismus wuel net sou schlecht aus. An der Touristen-Héichbuerg Veianen bekloen se sech dësen Ouschterweekend jiddefalls net iwwer ee Manktem u Leit a stelle fest: D’Clientèle gëtt ëmmer méi international.

D’Schlass aus dem Mëttelalter ass natierlech e Magnéit. Ma et zitt d’Touristen net just wéinst där Kuliss an d’Éislek. Vill Hollänner, Belsch an Däitscher kommen och bei eis wéinst der Natur an der Rou, déi si domat verbannen.

E Méindeg am Nomëtteg gouf et jiddwerfalls ënnenof zu Veianen um Bord vun der Our enk op den Terrassen. E Patt, e gudde Maufel. Stäerkung fir déi nächst Etapp. Sief et ee vun de Muséeën, e Wanderwee, oder fir um Motorrad, respektiv Vëlo d’Géigend weider z’entdecken.

Eng eenzegaarteg Attraktioun hei am Land bleift de Sessellift. Vu Mëtt Mee un, wäert och vis à vis d’Piscine nees hier Dieren opmaachen.

All Informatiounen iwwer Veianen fannt Dir um Internet Site www.visit-vianden.lu

Back to Top
CIM LOGO