De Permis war direkt fortChauffeur mat 124 km/h op der A4 ënnerwee, erlaabt waren der awer just 70 km/h

RTL Lëtzebuerg
Och zu Ettelbréck war en Automobilist vill ze séier ënnerwee. Dat mellt d'Police e Méindeg de Moien.
© RTL Archiv

E Sonddeg am Nomëtteg, géint 16.30 Auer, huet eng Patrull vun der Police en Auto op der A4 gestoppt, dee mat 124 ënnerwee war. Déi maximal Vitess um Deel, op deem de Chauffeur awer ënnerwee war, ass, onglécklecherweis fir hien, op 70 Stonnekilometer limitéiert gewiescht. De Permis gouf vun der Police nach op der Plaz agezunn.

E Méindeg de Moie fréi ass enger weiderer Patrull dann zu Ettelbréck e Gefier opgefall, dat mat ze héijer Vitess an der Avenue Lucien Salentiny ënnerwee war. De Chauffeur gouf kuerz drop ugehalen. Bei der Kontroll vum Chauffer ass de Beamten dunn och nach de Geroch vun Alkohol opgefall, den Test deen dono ginn ass, war dann och tatsächlech positiv. Och hei war de Fürerschäi fort.

Back to Top
CIM LOGO