
An de meeschte Fäll hätt sech d’Situatioun awer scho bei der Arrivée vun der Police op der Plaz berouegt oder wier kuerz drop op der Plaz gekläert ginn.
E Sonndeg den Owend géint 19 Auer goufen allerdéngs alkoholiséiert Persounen an engem Café an der Rue du Commerce zu Rodange gemellt, déi aner Cliente belästegt sollen hunn. Eng Policepatrull huet sech dunn op d’Plaz gemaach an huet déi zwee Männer no enger kuerzer Sich konnte stoppen. Béid haten effektiv däitlech Unzeechen, dass se alkoholiséiert waren an hu sech de Beamte géintiwwer och onkooperativ verhalen. Wéinst hirem Zoustand koume si no enger medezinescher Kontroll an Arrest.
Zu Beggen koum et dann nach zu enger Kläpperei tëscht enger Partie verschiddener Persounen. Eng Policepatrull huet sech op d’Plaz gemaach, déi dann och Verstäerkung geruff huet. Dono hat sech de Sträit der Police no séier opgeléist an d’Situatioun hat sech calméiert.