Déifstall bei BankomatTäter gëtt festgeholl, nodeems hien zu Gréiwemaacher Bankkaart a Geld klaut

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet nom Verdächtege gesicht a gouf och kuerz drop gestoppt a festgeholl.

E Sonndeg am Nomëtteg gouf der Police e Bankkaarten-Déifstall bei engem Bankomat zu Gréiwemaacher gemellt, bei deem d’Affer och eng gréisser Zomm Boergeld geklaut krut. Eng Patrull vun der Police konnt de Verdächtegen am Kader vun enger Sich-Aktioun kuerz Zäit drop stoppen.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.

Am Laf vum Sonndeg gouf och an Autoen agebrach

Ënnert anerem gouf zu Esch an der Rue Barbour an e Gefier agebrach, dat e Sonndeg am Nomëtteg. Hei gouf d’Fënster vum Auto vun engem onbekannten Täter futtigeschloen, fir sou an den Auto ze kommen, sou éischt Informatioune vun der Police.

E wéineg méi spéit gouf en Déifstall an engem Auto an der Rue du Fort Neipperg bei der Stater Gare gemellt. Och hei gouf eng Fënster beschiedegt. Geklaut goufen ënnert anerem eng Bankkaart a Kopfhörer.

A béide Fäll lafen d’Ermëttlungen.

Back to Top
CIM LOGO