“Wafferou, elo”, an “Haalt op Bëbeeën ze bombardéieren”, ware just e puer vun de Parollen, déi d’Manifestante geruff hunn. De Comité pour une paix juste au proche orient hat de Cortège vun der Philharmonie op d’Clairefontaine-Plaz organiséiert.
D’Fuerderunge ware kloer. Eng direkt Wafferou an e fräien Accès fir déi humanitär Hëllef, fir der ziviller Populatioun an der Gazasträif ze hëllefen. “Dëst Morde muss ophalen”, fuerdert eng 21 Joer al Manifestantin. Et wier kee Krich, mee e Genozid an et wier schrecklech, dës Biller op der Tëlee ze gesinn. Si wier zwar keng Palästinenserin, mee an dëser Situatioun mat hire Bridder a Schwësteren. En anere Mann, deen op d’Clairefontaine-Plaz komm war, sot, dass e Famill a Gaza huet. Dës géing den Ament leiden a probéieren, ze iwwerliewen. Et wier schwéier, Kontakt ze halen. Hien ass enttäuscht, dass déi Europäesch Unioun net méi mécht, fir den Zivilisten ze hëllefen.
D’Mënschen, déi e Samschdeg an d’Haaptstad komm waren, waren ënner anerem a Marokko gebuer, a Spuenien, an Ägypten oder a Syrien. Grond fir si, fir un der Maniff deelzehuelen, war d’Mënschlechkeet an d’Matgefill. Kee Vollek wéilt säi Land geklaut kréien a massakréiert ginn, sou de Constat vun engem vun de Männer. “Ech wëll net, dass Kanner stierwen. Weder vun Israeelien, nach vu Palästinenser. Ech wëll, dass de Krich ophält. Wëll ech weess, wéi et sech ufillt, Famill am Krich ze verléieren”, sot e jonke Mann ugangs 20 aus Syrien. Kloer war fir d’Leit virum RTL-Mikro, dass se all Form vu Gewalt géinge verurteelen. «Mee d’Gewalt, déi géint dat palestinensescht Vollek ugewannt gëtt, ass “disproportional”, mengt eng jonk Fra.

Fir d’Léisung vum Konflikt huet een um Samschdegmëtteg just ee Moyen gesinn. “Et gëtt kee Fridden, ouni dass d’Land nees un d’Palästinenser zréckgeet”, huet eng jonk Fra betount, déi e Schëld mat der Opschrëft: “Zivilisten ëmbréngen huet näischt mat Selbstverdeedegung ze dinn”. “Wa Lëtzebuerg vu Frankräich besat géing ginn, wiere mer och net frou”, sou den Awand vun engem Manifestant. “Et schéngt mer leider esou ze sinn, dass d’Palästinenser sech entweder deplacéiere mussen, oder d’Israeelie Palästinenser ginn, an hinnen hiert Land erëmginn”, sou seng Conclusioun. “Et ass eng Occupatioun vum Land zanter 1948", mengt ee Mann mat palästinenseschem Schal. Et géing sech ëm sekulare Kolonialismus handelen, an dat hätt an dësem Fall näischt mat Antisemitismus ze dinn.
“Et ass esou komplizéiert”, sot e Mann mat engem grousse palästinensesche Fändel, deen drop ugeschwat gouf, wat dann seng Léisung fir de Konflikt wier. Trotzdeem géing hien op de Fridden hoffen. Dat besonnesch wéinst de ville Kanner. Zanter Ufank Oktober sinn “Democracy now” no 9.200 Mënschen am palästinensesche Gebitt ëmkomm. 3.800 dovunner Kanner. 1,4 Millioune Mënschen hu mussen hiert Doheem verloossen.
Weider Fuerderunge vum Comité pour une paix juste au proche orient sinn dann, dass déi israeelesch Geiselen an déi palästinensesch politesch Gefaange musse fräikommen. Dass Gaza mat de palästinenseschen Territoire verbonne gëtt. Dass déi israeelesch Arméi sech aus de besate Gebidder zréckzitt. Ma och, dass déi europäesch Unioun ophält bedéngungslos Israel ze suivéieren an eng Enquête fir Krichsverbriechen, souwuel vun der israeelescher Arméi, wéi och duerch arméiert palästinensesch Gruppen, gemaach gëtt.