
„Ech wëll, dass d'Wourecht erauskënnt! Ech hunn d'Police geruff a soen aus!", huet d'Mamm wärend dem Prozess e Mëttwoch ausgesot. De Fazit vum Vertrieder vum Parquet war méi bescheidenen: A sengen An hätt d'Mamm eng aner Versioun zum Beschte ginn, wéi bei der Police, an esou hirem Fils quasi en Alibi fir déi zweet Dot ginn, wat am Ufank net de Fall gewiescht wär.
Et misst ee sech d'Fro stellen, wou déi nei Geschichten hierkéimen, huet de Vertrieder vum Parquet gemengt. D'Mamm hätt Saache matenee vermëscht, gewollt oder ongewollt, an dofir misst hir Depositioun ferm hannerfrot ginn. Et wär de ganze Mëtteg net vun den Affer geschwat ginn an déi wichtegst Saache wéisst d'Mamm net, déi och geschéngt hätt, an all Richtung ze schéissen. „Nee, et geet mir drëms, d'Wourecht ze soen!", huet d'Fra geäntwert, wouropshin de Vertrieder vum Parquet fonnt huet, hir Prestatioun wär net ganz bedeitend gewiescht an hie wier net domat d'accord!
Besonnesch hir Ausso, den zweeten Ugekloten hätt engem Prisonéier gesot, dass e Riichter 50.000 € kritt hätt, fir dass hien erauskéim, huet dem Geriicht net geschmaacht. „Ënner Eed géif ech e bësse méi virsiichteg sinn!", huet d'Presidentin der Fra un d'Häerz geluecht, iwwerdeems de Vertrieder vum Parquet déi Ausso als ganz gravéierend empfonnt huet.
D'Fra hat, sot si e Mëttwoch, als Mamm e ganz schlecht Gefill, wéi si an der Zeitung e Bild vum Leidelenger Bësch gesinn hat. Si hätt an der Nuecht vun der 1. Dot vill Beweegung ronderëm d'Haus héieren a géif Buch féieren, well scho méi laang e grousse Misär lafe géif, den Drogekonsum vun hirem Fils. Deem seng Geldproblemer wären net sou grouss gewiescht, huet d'Mamm betount, woubäi déi dem zoustännegen Enquêteur no d'Dot-Motiv kéinte gewiescht sinn. Den Owend vun der zweeter Dot wär de Fils doheem gewiescht, sou d'Mamm. D'Riichterin huet dozou bemierkt, déi Ausso stéing a Kontradiktioun zu enger Rëtsch aneren am Dossier. Wéi d'Mamm nom zweete Mord d'futtis Autosfënster a bluddeg Kleeder am Auto gesinn hat, hätt si der Police ugeruff. Net fair huet d'Mamm de Fait fonnt, dass den zweeten Ugekloten eréischt Deeg no hirem Fils festgeholl gouf: „Et war v.a. net fair, dass zwee Leit hiert Liewe gelooss hunn!", huet de Vertrieder vum Parquet heizou ervirgestrach.
De Prozess geet en Donneschdeg de Mëtteg virun.