Alternatiivt Wunnen am Alter"Ech wëll net eleng doheem sëtzen"

Anne Wolff
Net eleng sinn am Alter, dat wënsche sech vill eeler Leit: Déi eng ginn an d'Altersheem, déi aner wëlle gären an hiren eegene véier Wänn bleiwen.
Alternatiivt Wunnen am Alter
“Ech wëll net eleng doheem sëtzen”

Si siche méi ongewéinlech Weeër, fir Gesellschaft ze hunn. Mir hunn esou Pensionnairë getraff.

Fir déi pensionéiert Léierin Jeanny Groebig heescht et Këschte paken: No 15 Joer eleng an hirer Wunneng geet fir si en neit Kapitel un – si plënnert an eng Zort Wunngemeinschaft. D’Krittären: 50 plus, openeen en Aen hunn a Saachen zesummen ënnerhuele wëllen. De Grupp trëfft sech lo zanter zwee Joer, fir alles ze plangen. Jiddereen huet dobäi allerdéngs seng Wunneng an et gi Gemeinschaftsraim. Dofir gouf d’Villa Lorenz zu Luerenzweiler restauréiert an eng Annex drugesat. Ausserdeem huet de Grupp vun den zukünftege Locatairen eng ASBL gegrënnt, vun där d’Jeanny Groebig och d’Presidentin ass. D’Haaptargument war fir si, net eleng ze bleiwen a sech doduerch och geeschteg fit ze halen. “Da soen d’Leit mir, jo wat ass, wann Dir Sträit kritt? Natierlech kann et schifgoen, dat ass ëmmer méiglech, mee ech wëll op alle Fall alles drusetzen, dass dat Zesummeliewe geléngt”.

Souslocataire gesicht: Wa Studenten a Pensionnairen zesumme wunnen

Net eleng sinn, wëllen och d’Frédérique an de Marcel Feidt. Hir Kanner si laang aus dem Haus, si bestuet an hu scho selwer Kanner, an d’Koppel Feidt hat Plaz. Iwwert d’ASBL Cohabit’Age krute si Propose vu Jonker, déi fir eng limitéiert Zäit en Ënnerdaach zu Lëtzebuerg sichen an duerch déi héich Loyeren dacks näischt fannen. “Mir kruten e puer Proposen an hunn eis du mam Pierre getraff, an eis fir hien decidéiert. De Choix war awer guer net esou einfach. Du bemol huet och nach dem Pierre säi Kolleeg gefrot, ob hien net och bei eis kéint wunnen, well hien am Zäitdrock näischt fonnt huet. Du sote mir, dajee alt. Mir géifen et awer direkt nach eemol maachen”. Wichteg wier och d’Gesellschaft, zemools fir de Marcel Feidt, deen no engem Hiereschlag gesondheetlech net méi ganz fit ass.

De Pierre kënnt aus Bordeaux a mécht grad wéi säi Kolleeg e Stage am Finanzberäich. Mat 380 Euro Loyer ass d’Zëmmer fir Lëtzebuerger Verhältnisser net deier an him gefält dat intergenerationellt Zesummeliewen. Natierlech géifen et Reegelen, et wier net fir permanent ze feieren a Leit matzebréngen, et misst een och mat botzen a seng Akeef bezuelen.

Gereegelt ass d’Zesummeliewen iwwert e Kontrakt mat der ASBL, sou dass et en Uspriechpartner gëtt, fir de Fall dass d’Zesummeliewen net esou klappt wéi gewënscht.

Alternatiivt Wunnen zu Lëtzebuerg: Gesetzleche Kader geet net duer

D’Janny Groebig an d’Marie-Therèse de Martines sinn elo gläich Nopeschen an der Villa Lorenz zu Luerenzweiler. Déi eng als Locataire, déi aner als Proprietär. Dëse Projet gouf vun engem Promoteur verkaaft, ma fir d’Jeanny Groebig muss den Trend laangfristeg a Richtung vun sougenannte Wunnkooperative goen: Hei leeë Privatleit Kapital zesummen, fir eng Residence ze bauen. Den Terrain gehéiert dobäi dem Staat a gëtt iwwer Emphythéose zur Verfügung gestallt. Dat mécht d’Wunne bezuelbar. All Bewunner ass Locataire an huet Undeeler vun der Genossenschaft. Dobäi huet all Member vun der Genossenschaft e liewenslaangt Wunnrecht.

Zu Luerenzweiler bezilt d’Jeanny Groebig nawell iwwer 2.000 Euro Loyer. Eng Kooperativ, do hätt ee sech net erugetraut: Déi bis ewell eenzeg Initiativ hei zu Lëtzebuerg ass no Jore schifgaangen an als eeler Leit wéilt ee sech net iwwert Joren engagéieren, fir duerno nawell bei 0 erëm ufänken ze missen. “Lo ass awer kloer, dass d’Proprietären an de Promoteur mat dëse Wunnenge maache kënnen a verkafe kënnen, u wie se wëllen.” Et wënscht ee sech dofir e bessere gesetzleche Kader fir Cooperativen.

Back to Top
CIM LOGO