
Dëst si sougenannten "Ensembles sensibles". E Grupp Haiser, dee sech harmonesch an d'Stroossebild integréiert an net däerf ofgerappt ginn. Ëmbaute sinn nëmme mam Accord an ënner Kontroll vun der Stater Gemeng méiglech.
Den Eck Rue des Jardiniers/Rue de la Semois ass am Stater Bebauungsplang awer net geschützt a soll elo ofgerappt ginn. D'Monique Kater iwwer de kommunalen an nationalen Ëmgang mam Patrimoine, iwwer d'Muecht vun de Promoteuren an d'Oppositioun vun de Proprietären.
Der Stad Lëtzebuerg no ass keng erhalenswäert Bausubstanz an dësem Hollerecher Bloc. De Kulturministère huet der allerdéngs 11 op den Inventaire gesat, zwee dovunner scho laang, éier de neie PAG ugeholl ginn ass.
De Proprietär vum Haus op der 1, Rue des Jardiniers wollt eis näischt soen. Ma d’Stater Buergermeeschtesch krute mir awer virun d’Kamera. Eng Demande fir ofzerappen, hätt si net kritt. D’Haiser hätten e gewësse Charme, mee am Kader vum PAG wier keng Reklamatioun erakomm. An awer hätt ee sech, wat d’Héicht ugeet, ugepasst:
Extrait aus dem Stater PAG
