Trotz enger Last-Minute-Entrevue e Freideg de Mëtteg zu Senneng bleift et bei den Divergenzen tëscht de Gewerkschaften an der Regierung, wat dat fräiwëllegt Aféiere vum CovidCheck vum 1. November ugeet.
D'Gewerkschafte kritiséieren déi eesäiteg Demarche vun der Regierung un der Form an um Fong. Fir den LCGB gi mat der Mesure, déi am aktuelle Gesetzesprojet steet, onnéideg Existenz-Angscht provozéiert, esou de Patrick Dury no der Reunioun.
Null Dialog am Virfeld vun de Mesuren, déi d'Regierung sech den nächste Méindeg wäert vun der Chamber ofseene loossen, esou d'Kritik. Frustréiert an revoltéiert koum och den OGBL aus der Reunioun eraus. Dat bei engem Meeting, wou de Staatsminister net dobäi war. D'Nora Back sot sech desillusionéiert.
Identesch onzefridden och d'CGFP, wou een zum Beispill fir weider gratis Autotester plädéiert hat. Och déi vill juristesch Onkloerheete suerge fir Kappzerbrieches an Onrou bei der Staatsbeamtegewerkschaft. De Generalsekretär Steve Heiliger nennt e konkrete Probleem an de Verwaltungen. Dëst, well net präziséiert ass, wat passéiert, wann een de CovidCheck refuséiert. Sollt dann de Statut vun de Fonctionaire spillen, kéint dat am schlëmmste Fall zu enger Revocatioun féieren.
Den Aarbechtsminister huet zouginn, datt sech d'Regierung net eens ass mat de Vertrieder vum Salariat, wat de Wee zu méi Vaccinatiounen ugeet. Op kee Fall wéilt Een awer de Gruef tëscht Geimpften an Net-Vaccinéierte méi grouss maachen. Den Dan Kersch schwätzt vun engem moderéierten Drock, deen d'Regierung wéilt maachen.
E Méindeg schwätze sech d'Gewerkschaften iwwert déi weider Demarche of, parallel kënnt Moies um 9 Auer d'Chamber beieneen, fir iwwert d'nei Anti-Covid-Mesuren ze decidéieren. Keen Dag ze spéit, well déi nei Dispositioune vun en Dënschdeg u gëllen, fir den Horeca gëllt den Datum vum 1. November.
D'Gesetz leeft den 18. Dezember of.
Déi ëmstridden Dispositioun, déi virgesäit, datt Betriber an Administratiounen de CovidCheck-Regime kënnen aféieren, bleift. Allerdéngs gouf de Saz gestrach, deen d’Aarbechter forcéiert, e CovidCheck-Certificat ze weisen.
D’Regierung reagéiert esou op d’Remarke vum Staatsrot, deen eng Rei Froen iwwert d’Applikatioun vum CovidCheck op der Aarbecht opgeworf hat. Wéi de Rapporter vum Gesetz Mars Di Bartolomeo RTL erkläert huet, géing den Aarbechter no den Amendementer ënnert de normale Regime vum CovidCheck falen.
D‘Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP haten de Mëttwoch de fakultative CovidCheck op der Aarbecht verworf, well et u prakteschen Detailer géing feelen: ënnert anerem d’Flicht, d’Personaldelegatioun z’informéieren, de Respekt vun de privaten Donnéeën, d’eventuell Sanktioune géing Employéen an d’Recht op gratis Tester.
Genee ewéi si huet och déi consultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert, datt mat der Erweiderung vum CovidCheck d’Gesellschaft géing weider gespléckt ginn. De Collège Médical par contre huet d’Erweiderung vum CovidCheck begréisst.
D’Regierung ëmfänkt d’Gewerkschaften de Freideg de Mëtteg um 12 Auer nom Conseil de gouvernement zu Senneng. Déi nei Covid-Reegele mussen an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschden a Kraaft trieden, well déi aktuell dann oflafen. Vun dann u wier de CovidCheck fir all Aktivitéiten, déi banne sinn, obligatoresch. Op der Aarbecht just, wann de Patron et esou wëll.
De CovidCheck kritt een, wann een zanter manner ewéi sechs Méint vum Covid geheelt ass, ganz geimpft ass oder e negativen Test gemaach huet. Bei PCR-Tester gëllt de CovidCheck 72 Stonnen nom Test a bei engem Schnelltest sinn et 48 Stonnen.