YEP SchoulfoireEducatiouns- a Familljeministère presentéiere nei Beruffsausbildungen

RTL Lëtzebuerg
D’Beruffswelt an d’Besoine vun de Leit hätte sech geännert. Dowéinst mussen och d’Formatiounen adaptéiert an un der Qualitéit vun der Offer geschafft ginn.

Op der zweeter Editioun vun der Schoulfoire hunn den Educatiouns- a Familljeministère en Dënschdeg dräi nei Beruffsausbildungen, dorënner zwee DAP an ee CCP, virgestallt.

Sou gouf den DAP Auxiliaire de vie iwwerschafft an opgespléckt. Dorausser entstanen ass scho fir d’Schouljoer 2022/23 den DAP Agent socio-pédagogique, dee sech mat der Prise en charge vu Kanner a Jonker befaasst. Zënter September si bal 500 Schüler aus 15 Schoule an dëser Formatioun ageschriwwen.

Fir d’Schouljoer 2023/24 soll dann och nach den DAP Inclusion dobäi kommen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch:

Educatiounsminister Claude Meisch

“Anersäits si mer an déi Richtung gaange vum Agent d’inclusion fir ebe grad do, wou mer Kanner oder Erwuessener mat extra Besoinen hunn, dass mer déi ganz besonnesch kënnen ënnerstëtzen. Grad Kanner an Erwuessener mat extra Besoine brauchen eng extra Qualifikatioun beim Personal, an dofir war dat eppes, wat eis besonnesch wichteg war, déi kënnen och herno an de Schoulen, an der Inclusioun oder an der nonformeller Bildung schaffen, se kënnen awer natierlech och a Strukture vu behënnerte Mënsche schaffen a virun allem och mat eelere Leit, déi Demenz hunn.”

Iwwerdeems soll fir dat neit Schouljoer déi aktuell Formation d’aide socio-familiale duerch de CCP Assistant d’accompagnement au quotidien ersat ginn. Dëse soll iwwer zwee Joer goen a fokusséiert sech op d’Begleedung vu verschiddene Persounegruppen, wéi zum Beispill Senioren an hirem Alldag.

Interesse vun deene Jonken ginn auserneen

All Schüler soll sengen Interessen an Talenter kënnen nogoen. Op de sëllegen Infostänn kënnen déi Jonk hir Froe lassginn a mat Hëllef vun Aktivitéiten eraus fannen, wat hinne Spaass mécht. D’Beruffswënsch vun de Jugendleche gi queesch duerch de Gaart, wéi een um RTL-Mikro héiere kann.

Mircotrott op der Schoulfoire 1

Déi richteg Ausbildung oder och de richtege Job ze fanne wier an deenen haitegen Zäiten net ëmmer sou einfach. Verschiddener wëssen awer och scho vu klengem uns, wou se sech spéider gesinn.

Mircotrott op der Schoulfoire 2

Am grousse Ganze koum d’Schoulfoire bei de Jugendleche gutt un. D’Schüler hu sech gutt informéiert gefillt an hunn et gutt fonnt, dass och jonk Leit op der Plaz waren, fir hinne Saachen ze erklären.

Back to Top
CIM LOGO