"Géifen d'Land lahm leeën"Educatiounsminister erkläert, firwat net all Schoul Hëtztfräi kritt

Annick Goerens
Déi aktuell Hëtztwell suergt fir Diskussiounen. Wärend verschidde Primärschoulen de Kanner e Mëttwoch de Mëtteg fräi ginn, leeft de Cours an anere Schoulen a Lycéeë weider.
Den Educatiounsminister Claude Meisch um Radio wéinst der Canicule
Den Educatiounsminister Claude Meisch um Radio wéinst der Canicule
© Annick Goerens

Vill Elteren, Schüler an Enseignantë kritiséieren de Manktem un enger eenheetlecher Linn. Am RTL-Interview huet den Educatiounsminister Claude Meisch awer relativéiert:
"Et ass waarm fir jiddereen. Egal wou ee schafft, ob een an der Schoul schafft, ob een an d'Schoul geet oder ob een doheem ass."

Ännerungen a Schoule wéinst Hëtzt: Educatiounsminister Meisch live um Radio

De Minister huet ënnerstrach, datt de Ministère national Richtlinne festgeluecht huet. Besonnesch vulnerabel Kanner, zum Beispill ganz jonk Schüler, Kanner mat spezielle Besoinen oder gesondheetleche Problemer, kënnen doheem bleiwen an entschëllegt ginn. Gläichzäiteg misst awer och berécksiichtegt ginn, datt vill Elteren op d'Schoul-Betreiung ugewise sinn. E generellt Hëtztfräi fir Schoule géif vill Famillen an och d'Aarbechtswelt viru grouss Erausfuerderunge stellen. Et géif och eng national Reegel ginn, dass Kanner, virun allem an de Grondschoulen, ëmmer musse kënne surveilléiert ginn.

"Mir géifen d'Land jo lahm leeën, wa mer einfach géife soen, d'Kanner bleiwen alleguerten doheem, well da kéinten d'Elteren och net méi schaffe goen."

Keng national Reegel, mee lokal Decisiounen

Fir de Claude Meisch sinn d'Situatiounen ze ënnerschiddlech, fir eng eenheetlech Reegel anzeféieren. Schoulen a Lycéeë géifen anescht funktionéieren, an och d'Gebaier géife sech staark ënnerscheeden. Dofir géifen d'Direktiounen an d'Ekippen op der Plaz decidéieren, wéi si reagéieren. Et géing ee feststellen, dass op ville Plazen de reguläre Cours moies gehale gëtt a Mëttes eng Zort Surveillance en place gesat gëtt. Méiglech Moossname wieren ënner anerem dann och fir Tester a Prüfungen op de Moien ze verlageren a Raim, déi extrem waarm sinn, ze evitéieren.

"Glécklecherweis sinn d'Premièrë fäerdeg. Well dat hätt eis sécherlech Suerge gemaach, wann elo grad d'Exame wären."

Schoulgebaier si ganz ënnerschiddlech equipéiert

Et misst een awer och bedenken, dass et sech hei ëm eng ganz Woch Canicule handelt an net ëm een eenzelen Dag, betount de Minister. Et wier dofir net realistesch, dräi Woche virun der Summervakanz eng ganz Woch Schoul ausfalen ze loossen. Esou eng Decisioun hätt Konsequenze fir Examen, Schoulorganisatioun a Betreiung vun de Kanner.

Op d'Fro, ob de Ministère en Iwwerbléck iwwer d'Situatioun an de Schoulgebaier huet, huet de Claude Meisch erkläert, datt d'Konditioune staark variéieren. Bei de Primärschoule sinn d'Gemenge fir d'Infrastrukturen zoustänneg. Bei de Lycéeë géif et e groussen Ënnerscheed maachen, ob e Gebai nei gebaut oder scho méi wéi honnert Joer al ass. Net all Schoul kéint sech gläich gutt géint d'Hëtzt schützen.

National Reegelen och an Zukunft net virgesinn

Obwuel ëmmer méi Caniculle virausgesot ginn, gesäit de Minister aktuell keng Noutwendegkeet fir national Reegelen anzeféieren.

"Mir sinn der Meenung, datt national Reegelen eis eigentlech hei net weiderhëllefen, well d'Situatioune ganz ënnerschiddlech sinn."

No de Berodungen an der nationaler Krise-Cellule wier een zum Schluss komm, datt eng generell Schoulfräi-Léisung net déi richteg Äntwert wier. Nieft de Konsequenze fir d'Beruffsliewen an d'Gesellschaft misst ee bedenken, dass verschidde Kanner an der Schoul ënner Ëmstänn besser betreit a versuergt sinn ewéi eleng doheem.

"Et ass jo net, wéi wa mer an engem Land géife liewen, wou jiddereen e Swimmingpool am Gaart hätt an eng Klimaanlag doheem hätt."

Gläichzäiteg huet de Claude Meisch awer unerkannt, datt ee sech an Zukunft misst Gedanke maachen, wéi d'Schoule méi resilient ginn.

"Fir op där enger Säit d'Schoul kënne weider ze assuréieren, op där anerer Säit awer natierlech dat och ënner humanen Ëmstänn kënnen ze maachen", sou de Claude Meisch.


Den Iwwerbléck vun de Schoulen an eisem Artikel:

Back to Top
CIM LOGO