Wéinst der HëtztSchoulen änneren de Programm, Evenementer ginn ofgesot oder verréckelt: Den Iwwerbléck

RTL Lëtzebuerg
Déi aktuell Hëtztwell, déi iwwer de Grand-Duché zitt, huet och Auswierkungen op d'Liewen, Schaffen an d'Evenementer hei am Land.
En Tourist erfrëscht sech bei grousser Hëtzt un engem Buer.
En Tourist erfrëscht sech bei grousser Hëtzt un engem Buer.
© Shutterstock

Fir datt mer eisen Artikel esou aktuell wéi méiglech kënnen halen an d'Bierger esou séier a gutt wéi méiglech kënnen informéieren, schéckt eis Är Communiquéen zu den Adaptatiounen am Schoulprogramm oder fir de Programm vun Nationalfeierdag op red@rtl.lu.

Fannt hei den aktuellen Iwwerbléck:

Bartreng

Wéi d'Gemeng Bartreng matdeelt, wäert souwuel e Méindeg wéi och e Mëttwoch am Fondamental am Nomëtteg kee Cours gehale ginn. Wéi gewinnt wäert och hei am Nomëtteg awer en Accueil duerch d'Léierpersonal assuréiert ginn.

Berbuerg

E Méindeg am Nomëtteg gëtt an der Primärschoul Berbuerg kee Cours gehalen. Kanner, déi net kéinten doheem betreit ginn, kréien duerch d'Enseignanten awer en Accueil ugebueden. Och de Schülertransport wäert deementspriechend normal funktionéieren.

Biwer

Och d'Gemeng Biwer deelt mat, datt de Cours an der Grondschoul am Nomëtteg haut ausfale wäert. Och hei gëllt nees: En Accueil fir Schüler, déi net heem kënnen, ass assuréiert. Anescht wéi an anere Gemengen, déi Hëtztfräi deklaréiert hunn, gëllt d'Dispens zu Biwer fir den Ament mol just fir e Méindeg.

De Communiqué vun der Gemeng Biwer fannt Dir hei

Clierf

D'Gemeng Clierf deelt mat, datt den Unterescht an der Schoul zu Reiler e Mëttwoch an e Freideg de Mëtten ausfält. Eng Surveillance ass assuréiert an d'Schoulbusser fuere wéi gewinnt.

D'Schreiwes vun der Gemeng Clierf

Conter

Wéi de Schäfferot vun der Gemeng Conter e Sonndeg matdeelt, wäert et och do an der Gemeng Méindes a Mëttwochs kee Cours am Nomëtteg ginn. En Accueil ass awer garantéiert.

Diddeleng

Den Diddelenger Schäfferot huet decidéiert, dass d'Coursen an de Cyclen 1 bis 4 e Méindegmëtteg ausfalen. Och hei ass en Accueil fir d'Schüler grantéiert an d'Maisons relaise bleiwen op. Moies ass normal Cours.

D'Schreiwes vun der Diddelenger Gemeng

Ell

Och an der Gemeng Ell wäert de Schoulcours am Fondamental an den Zyklen 1 - 4 vun nächster Woch un ageschränkt oflafen. E Méindeg, Mëttwoch an e Freideg wäert jeeweils am Nomëtteg keen Unterrecht ofgehale ginn. Ma och hei gëllt nees, datt en Accueil duerch d'Enseignantë garantéiert ass an och de Schoultransport, wéi och d'Maison Relais normal funktionéieren. Alles dat huet den Eller Schäfferot e Sonndeg an engem Schreiwes matgedeelt.

D'Schreiwes vum Eller Schäfferot fannt Dir hei

Gréiwemaacher

Zu Gréiwemaacher huet de Schäfferot decidéiert, dass de Schoulunterrecht um Méindegmëtteg wäert ausfalen. Den Acueil duerch d'Léierpersonal wäert awer garantéiert sinn an och d'Maisons relaisen bleiwen op.

Da ginn et an der Gemeng och Adaptatiounen, wat Nationalfeierdag ugeet. Esou geet de Cortège net, wéi geplangt, um "Schweinsmoart" fort, mä op der Moartplaz.

© Gemeng Gréiwemaacher

Iechternach

Zu Iechternach ass d'Schoulflicht am Nomëtteg net opgehuewen, et wäert allerdéngs en ugepasste Cours ginn: Wéi d'Gemeng matdeelt, wäerten (dem Alter vun de Kanner entspriechend) Filmer gekuckt ginn.

Ierpeldeng-Sauer

Haut sollt vu 14 bis 16 Auer zu Ierpeldeng-Sauer Coupe-Scolaire gefuer ginn. Déi ass awer wéinst der Hëtzt ofgesot, krute mer op Nofro vun der Gemeng bestätegt.

Jonglënster

Zu Jonglënster fält de Schoulunterrecht e Méindeg a Mëttwochs vun 12 Auer un aus. Och hei ass den Accueil garantéiert an d'Maisons relaise bleiwen op. Och bei de Festivitéiten um Virowend vun Nationalfeierdag ginn et Upassungen. Ënner anerem fält de Cortège virum Te Deum aus.

Käl

E Méindeg am Nomëtteg falen d'Coursen am Fondamental aus. Wéi bei anere Schoulen och, déi dës Annonce gemaach hunn, wäert och hei nees en Accueil fir Schüler assuréiert ginn. déi net heem kënnen.

Och op Nationalfeierdag mécht d'Gemeng am Programm Upassungen. Esou ginn d'Gerben um 19:15 néiergeluecht an de Cortège geet um 19:30 op der Brillplaz fort. Alles, wat no 20 Auer geplangt ass, wäert och esou duerchgefouert ginn.

Kielen

De Recyclingzenter vu Kielen passt seng Ouvertureszäite wéinst der aktueller Hëtzt un. An der Woch vum 22.-27. Juni ass de Recyclingzenter vu moies 7 bis mëttes 14 Auer op. Et ass dann och den Opruff, wgl, sou fréi wéi méiglech moies seng Saachen am Zenter ofzeginn.

Lëtzebuerg

Fir den Te Deum op Nationalfeierdag ginn de Leit Waasserfläschen zu Verfügung gestallt an de Programm gëtt gekierzt.

D'Schreiwes vum Bistum

Wéinst der aussergewéinlecher Hëtzt gëllt zu Lëtzebuerg vun e Méindeg un eng Alerte rouge. Déi héich Temperature waren e Sonndeg och e wichtegt Thema bei der Generalprouf fir d'Militärparad um Nationalfeierdag. Fir den 23. Juni ginn Temperaturen iwwer 30 Grad erwaart. D'Organisateuren hu sech dofir op verschidde Mesurë gëeenegt.

Mäertert-Waasserbëlleg

De Schäfferot vun der Gemeng Mërtert-Wasserbëlleg huet decidéiert, dass de Schoulunterrecht an de Cyclen 1 bis 4 e Méindegnomëtteg wäert ausfalen. Moies wäert normal Schoul sinn. Wärend dem Nomëtteg gëtt en Accueil duerch d'Léierpersonal garantéiert an d'Maisons Relaise funktionéieren zu den normalen Zäiten.

© Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg

Péiteng

De Cortège virum Te Deum zu Lamadelaine ass ofgesot. D'Leit, déi un der Mass deelhuele wëllen, solle fir 10:30 Auer an der Kierch sinn. D'Festivitéiten op der Place J-F. Kennedy zu Péiteng ginn awer wéi geplangt ofgehalen.

Wat d'Schoul betrëfft, deelt d'Gemeng mat, datt dës mëttwochs a freides mëttes ausfält. En Accueil fir Kanner, déi net heem kënne goen, gëtt vun den Enseignantë garantéiert. D'Maison relais an d'Schoulbusse funktionéiere wéi gewinnt.

D'Schreiwes vun der Gemeng Péiteng fir Nationalfeierdag
D'Schreiwes vun der Gemeng Péiteng iwwer d'Schoul

Rëmeleng

E Méindeg am Nomëtteg falen d'Coursen am Fondamental aus. Wéi bei anere Schoulen och, déi dës Annonce gemaach hunn, wäert och hei nees en Accueil fir Schüler assuréiert ginn. déi net heem kënnen.

Sandweiler

Wéi d'Gemeng Sandweiler matdeelt, wäert souwuel e Méindeg wéi och e Mëttwoch am Fondamental am Nomëtteg kee Cours gehale ginn. Wéi gewinnt wäert och hei am Nomëtteg awer en Accueil duerch d'Léierpersonal assuréiert ginn.

Déi offiziell Kommunikatioun vun der Gemeng Sandweiler fannt Dir hei.

Stengefort

De Cortège virum Te Deum am Kader vun Nationalfeierdag fält wéinst der Hëtzt aus, Treffpunkt ass elo direkt um 18:30 Auer bei der Kierch. Wärend dem offizielle Programm gëtt de Leit Waasser zu Verfügung gestallt.

Suessem

D'Gemeng deelt mat, datt de Cortège vir Nationalfeierdag elo virum Alersheem an der Rue Dickskopp zu Zolwer fortgeet. Fir Gratis Waasser op der Plaz ass gesuergt.

Wëntger

Och am Norden an der Gemeng Wëntger fält de Cours am Nomëtteg aus, dat e Méindeg, e Mëttwoch an e Freideg. Och d'Aktivitéite vun der LASEP si fir déi Deeg annuléiert. Eng Betreiung duerch d'Maison Relais a Léierpersonal ass awer och hei nees garantéiert.

Offizielle Communiqué vum Schäfferot vun der Gemeng Wëntger

Back to Top
CIM LOGO