Eng Privatschoul fir Kanner vun 3 bis 16 Joer, déi no engem änlechen Educatiounsmodell wéi am Lycée Ermesinde sollt funktionéieren, wou et méi op Eegeninitiativen a praktesch Projete vun de Schüler ukomm wier an d’Leeschtung net no Punkte bewäert sollt ginn. Dat ass d’Iddi vun der ASBL École Nicomaque, déi an engem Gebai zu Miedernach eng alternativ Schoul fir bis zu 80 Schüler a Schülerinne wollt opmaachen. Hir offiziell Demande, fir déi Privatschoul ze realiséieren, gouf awer op Recommandatioun vum Educatiounsministère via Arrêté grand-ducal refuséiert.
De Ministère stéiert sech ënner anerem dorun, dass d’Konzept vun der École Nicomaque keen Echec virgesäit an och net präziséiert gëtt, wéi eng Kompetenzen d’Schüler mussen erreechen. De Premier Conseiller de Gouvernement am Educatiounsministère, Lex Folscheid, argumentéiert esou:
“Et ass e wesentlecht Element vun deem Dossier, dass déi ASBL muss definéieren, wéi eng Niveaue viséiere se op deene verschiddene Klassen a wat sinn d’Uschlossformatiounen, déi e Schüler duerno ka suivéieren. Dat ass wichteg am Interêt vun deene Kanner a Jugendlechen, fir dass se net do hänke gelooss ginn an duerno keen Ofschloss kënne maachen zu Lëtzebuerg.”
Méi e fundamentale Problem gesinn de Ministère an d’Regierung doranner, dass an der Ecole Nicomaque solle Produiten a Servicer erstallt ginn, fir déi dann ze kommerzialiséieren. Esou wéi d’Konzept vun der ASBL beschriwwe wier, bestéing de Risiko, datt et zu Kanneraarbecht géif kommen an d’Schoul e Betrib géif ginn. Dat géif een net zouloossen, sou de Lex Folscheid.
Nom offizielle Refus vun der Regierung dëse Juli huet d’ASBL e Recours gracieux verschéckt mat Prezisiounen an deels och Upassungen am Projetstext. Trotzdeem bleift de Ministère beim “Nee”.
Et géif hei net ëm eng Appreciatiounssaach goen, seet de Lex Folscheid, mee ganz kloer ëm deontologesch a juristesch Problemer. Soulaang déi net geléist wieren, géif et net zu engem Accord op deem Projet kommen.
Villes vun deene pedagogeschen Usätz, déi d’ASBL Ecole Nicomaque géif envisagéieren, wieren ausserdeem och an der ëffentlecher Schoul machbar. Et géife schonn innovativ Projete ginn, notamment zu Miersch oder zu Munneref, wou d’Schüler autonom géife léieren an d’Enseignanten haaptsächlech ënnerstëtzend géifen agéieren. Et bräicht een dofir keng Privatschoul opzemaachen.