École NicomaqueEng nei Privatschoul zu Miedernach?

Lynn Cruchten
D’ASBL École Nicomaque wëll eng nei Privatschoul mam selwechten Numm grënnen.
École Nicomaque - Eng nei Privatschoul zu Miedernach?
D’ASBL École Nicomaque wëll eng nei Privatschoul mam selwechten Numm grënnen.

Se soll no de Grondprinzippie vum Lycée Ermesinde funktionéieren, wou jo op eng alternativ Evaluatioun ouni Punkte gesat gëtt an d’Schüler encouragéiert ginn, méi autonom an op Basis vu praktesche Projeten ze schaffen. Anescht wéi am Ganzdags-Lycée zu Miersch soll sech d’École Nicomaque awer schonn u kleng Kanner riichten. Bis zu 80 Schüler kéinten an dëser Schoul a 4 Klasse betreit ginn. Si wieren an Alterskategorië vun 3-5 Joer, 6-8 Joer, 9-11 Joer an 12-16 Joer opgedeelt.

Et ass virgesinn, 8 Enseignanten anzestellen, déi 40 Stonnen d’Woch an der Schoul present wieren. Si hätten net wéi am traditionelle Schoulsystem permanent Coursë virzebereeden a Prüfungen ze verbesseren. Se wieren éischter dofir do, fir d’Qualitéit vun deem, wat d’Schüler gréisstendeels eegestänneg géif liwweren, z’iwwerpréiwen.

D’Schüler géifen an der École Nicomaque an 3 grousse Branchen enseignéiert ginn, nämlech Literatur, Ekonomie an Technik. 3 Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) wieren ofwiesselend op der Dagesuerdnung. Vun 8 Joer u kéim englesch dobäi.

D’École Nicomaque wier d’ganz Joer op, ofgesi vun 2 Woche ronderëm Chrëschtdag. Fir de Rescht kéinte Schüler a Personal Congé ufroen.

D’Konzept fir dës Privatschoul steet an zu Miedernach wier e Gebai disponibel, mee den Educatiounsministère refuséiert de Projet.

PDF: D'Schreiwes vun der ASBL École Nicomaque.

Back to Top
CIM LOGO