CGDISEe Blesséierte bei Accident zu Alzeng

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg an de fréie Moiesstonnen sinn op der Diddenuewenerstrooss zu Alzeng zwee Autoen net laanschtenee komm.

Den Accident war kuerz viru 6 Auer an d’Pompjeeë vun Hesper, grad ewéi d’Ambulanz vu Beetebuerg goufen an den Asaz geruff. Eng Persoun ass verwonnt ginn.
Am Laf vum Nomëtteg goufen dunn dräi Persoune bei Accidenter blesséiert.

Kuerz viru 17 Auer ass tëschent Hengescht an der Rossmillen e Motocyclist gefall. Zwee Mënschen goufen dobäi verwonnt.

Et gëtt awer och ee Blesséierte gemellt no engem Accident zu Stadbriedemes op der Wäistrooss. Do hate sech géint 16.40 Auer dräi Autoen ze pake kritt.

Back to Top
CIM LOGO