Op eise StroossenEe Blesséierten no Accident zu Esch, zwee zu Gonnereng

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, hat et kuerz no 22 Auer en Dënschdeg den Owend op der N4 tëscht Esch an Audun-le-Tiche gerabbelt.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS Archivbild

Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Zwee Blesséierter gouf et kuerz virun Hallefnuecht bei engem Accident zu Gonnereng, wou sech an der Iechternacher Strooss zwee Autoen ze pake kruten.

Da geet nach aus dem 112-Bulletin ervir, dass e Mëttwoch de Moie géint 8 Auer eng Persoun um Belval um Boulevard du Jazz ugestouss gouf. De Samu huet missten op d’Plaz.

Back to Top
CIM LOGO