Op der N11Ee Blesséierten no Kollisioun tëscht Dummeldeng an dem Waldhaff

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, krute sech e Méindeg um 16.30 Auer 2 Autoen op der N11 Héicht Brennerei ze paken. An engem vun de Ween war e Mupp, dee fortgelaf ass.
© Domingos Oliveira / RTL

Éischten Informatiounen no huet eng Persoun missen aus engem vun den accidentéierten Autoe befreit ginn. An engem vun de Ween war och en Hond, dee sech duerch d’Bascht gemaach hat. Hie konnt kuerz drop nees agefaange ginn.

wéi d’Police an hirem Bulletin en Dënschdeg de Moie präziséiert, wollt een Automobilist, dee vum Stafelter gefuer koum, op der Kräizung a Richtung Iechternach ofbéien. Deen Ament koum him en aneren Auto entgéint. De Chauffer an deem Gefier konnt eng Kollisioun net méi verhënneren.

Am leschtgenannten Auto ware véier Persounen, déi fir eng Kontroll an d’Spidol koumen. Iwwert den Hond goufe keng Detailer genannt.

D’Streck war wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte komplett fir den Trafic gespaart. Op der Plaz war de Samu an e puer Ambulanzen, souwéi de CIS Luxembourg et CIS Nidderaanwen a Police Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO