
Géint 22.30 Auer hat e Chauffer an der Rue de l'Alzette, kuerz virum Agank Kruuchten an enger Rietskéier d'Kontroll iwwert säi Won verluer an eng Wiss gefuer. Den Auto war net uerdentlech ugemellt a géint de Chauffer huet e Fuerverbuet bestanen. Et gouf protokolléiert.
Kuerz no 23 Auer krut en Automobilist e Gitter vun engem Schantjen um Belval ze paken an huet sech ewech gemaach. De Chauffer gouf spéider vun der Police ermëttelt. Hien huet en Alkoholtest refuséiert. Hie krut e Fuerverbuet an e Protokoll.