CGDIS-BulletinEe Foussgänger zu Esch ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 112 mellt, goufen en Donneschdeg de Moien am Ganze 5 Persoune bei 3 Accidenter op eise Stroosse blesséiert.
© RTL

Kuerz viru 7 Auer en Donneschdeg de Moie gouf e Foussgänger am Quartier Neiduerf zu Esch-Uelzecht vun engem Gefier ugestouss a blesséiert. D’Rettungsdéngschter vun Esch hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert.

Um CR162 tëscht Elleng a Fëlschdref hat et géint 8 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Zwou Persoune goufe der Kollisioun blesséiert. Am Asaz waren d’Ambulanciere vun Diddeleng an aus der Stad, grad ewéi d’Pompjeeë vu Munneref.

Zwou weider Persoune goufe kuerz no 9 Auer an der Avenue du X Septembre um Belair blesséiert, wéi et hei tëscht zwee Autoe geknuppt hat. D’Rettungsekippen aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO