Bei der nationaler Campagne fir Verkéierssécherheet "Moto 2026" goufe virun allem den Ekipement vu Motocycliste kontrolléiert, grad ewéi den allgemengen techneschen Zoustand vum Gefier an d'Pabeieren.
Ënnert anerem waren dräi Motocyclisten ze séier ënnerwee, zwee dovun esou séier, datt si de Fürerschäin direkt hu missen ofginn. Déi zwee betraffe Motocycliste goufen deemno mat 157 km/h an enger 90er-Zon respektiv mat 115 km/h an enger 50er-Zon erwëscht. Eng weider Verwarnung gouf et dem Bilan no wéinst dem Afloss vun Drogen a Medikamenter.
Vun den 173 weidere Verwarnunge waren der 48 wéinst technesche Mängel wéi beschiedegt Pneuen, Problemer mat de Luucht oder net-legal Auspuffen. An 30 Fäll konnten d'Motocyclisten déi néideg Pabeieren net virweisen a 27 Mol haten d'Motocycliste keng Schutzwest dobäi. 30 Verwarnunge gouf et dann nach, well d'Schëlder net respektéiert goufen, 18 wéinst ze héijer Vitess an 20 wéinst Verstéiss géint d'Helmflicht.