Zanter dem 1. JuliEe Pak Zigaretten zu Lëtzebuerg kascht elo ronn 20 Cent méi

Lynn Cruchten
Zanter dem 1. Juli kascht ee Pak Zigaretten zu Lëtzebuerg ronn 20 Cent méi. Och de Präis vum lassenen Tubak ass an d'Luucht gaangen.
Ee Pak Zigaretten zu Lëtzebuerg kascht elo ronn 20 Cent méi
Zanter dem 1. Juli kascht ee Pak Zigaretten zu Lëtzebuerg ronn 20 Cent méi. Och de Präis vum lassenen Tubak ass an d’Luucht gaangen.

Et wier e Schratt an déi richteg Richtung, heescht et vun der Fondation Cancer, mee et géif net duergoen, fir déi Jonk effikass ze schützen.

D’Fondatioun wënscht sech scho laang eng méi konsequent Präiserhéijung bei den Tubaksproduiten, änlech wéi an anere Länner, wou dat och gewierkt hätt. Sou zum Beispill a Frankräich, wou duerch de méi deieren Tubak bannent engem Joer 1 Millioun Persounen opgehalen hätte mat Fëmmen. An nordeschen EU-Länner, an Australien oder Neiséiland géif e Pak ëmgerechent souguer iwwer 15 Euro kaschten an do géife vill manner Leit fëmmen. D’Weltgesondheetsorganisatioun géif och confirméieren, datt héich Präisser en Impakt op de Konsum hätten.

Wat schwätzt also dogéint, hei am Land d’Tubakspräisser méi konsequent eropzesetzen?

Wa manner Produite kaf ginn, besonnesch och vu Bierger aus den Nopeschlänner, géif dat heeschen, datt de Lëtzebuerger Staat vill manner Recettë géif kréien, erkläert d’Finanzministesch Yuriko Backes.

Zejoert huet de Staat méi wéi 870 Milliounen Euro iwwer Tubak-Accisen akasséiert. Dobäi koumen nach TVA-Recetten an Héicht vun 238 Milliounen Euro. Wann déi Suen an der Keess géife feelen, kéinten aner Projeten, zum Beispill de Bau vun enger Schoul, eventuell net finanzéiert ginn.

Natierlech géif awer och si Sensibiliséierungscampagnen an aner Initiativen ënnerstëtzen, fir Jonker an allgemeng d’Populatioun vum Fëmmen ofzehalen, sou d’Yuriko Backes, déi och fir déi nächst Jore weider Präiserhéijunge beim Tubak an Aussicht gestallt huet, ouni awer genee Montanten ze nennen.

Back to Top
CIM LOGO