2. Prozessdag an der Lunghi-AffärEe Reportage, zwou Vuen

Diana Hoffmann
De Prozess an der sougenannter Lunghi-Affär goung en Dënschdeg weider. Ënnerschiddlech Point-de-vuë vum Reportage goufen diskutéiert.

Wollte Leit dem fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi wëssentlech Schueden? Gouf e Reportage fir den “Nol op de Kapp” esou manipuléiert, fir Sensatiounsjournalismus ze maachen? Ëmmerhi sinn d’Virwërf, déi am Raum stinn, Diffamatioun, Calomnie an onfräiwëlleg Kierperverletzung. Och um zweeten Dag koum een dëse Froen nach net ganz op de Fong.

Prozess Affär Lunghi 2. Dag / Rep. Diana Hoffmann

Nach ëmmer goung et ëm e Reportage, dee viru 7 Joer ausgestraalt gouf, an an deem ze gesi war, wéi den Enrico Lunghi déi fréier Journalistin an ugeklote Sophie Schram an engem Interview aggresséiert hat.

Ugeklot sinn ënner anerem och den Auteur vum Reportage Marc Thoma an den RTL-Programmchef Steve Schmit, déi en Dënschdeg ausgesot hunn. Déi zwee haten awer zwou ganz ënnerschiddlech Aschätzunge vum Reportage an der Situatioun.

De Marc Thoma ass der Meenung, näischt a sengem Reportage manipuléiert oder anescht duergestallt ze hunn, wéi d’Realitéit. Et wier normal, dass an engem Reportage geschnidde gëtt. Den RTL-Programmchef Steve Schmit ass awer (op d’mannst wat en éischten net diffuséierte Reportage betrëfft) net ganz där Meenung: “Fir mech war dat fir eng kleng Sensatioun ze maachen, an huet net eisen deontologeschen Opfaassungen a Reegele vum Programm entsprach.” Hien hat sech no Récksprooch mat zwee Aarbechtskolleegen dofir ausgeschwat, de Reportage net an där Form ze weisen. Dat och fir RTL ze schützen an erauszefannen, wat genee deen Dag virgefall ass.

De Riichter huet dann Zweiwel dorunner geäussert, ob een d’Situatioun am Reportage, dee gesent gouf, net dramatiséiert hätt. “Et kéint een d’Impressioun hunn, dass der den Här Lunghi wollt an e schlecht Liicht stellen, an der Attack méi drift ginn”, huet hien d’Manéier vum Montage kommentéiert. Ëmmerhin ass den Interview no dëser Zeen normal weidergaangen, wat net ze gesi war. “Wat ass do verzerrt? Um Inhalt ass dach näischt geännert ginn”, äntwert awer de Marc Thoma.

Am Prozess goung et awer och dorëm, wien da gewollt hätt, dass de Reportage gesent gëtt, wann en dach deels ëmstridde gewiescht wier. En Dënschdeg huet et viru Geriicht esou ausgesinn, wéi wann de fréieren RTL-Direkter Alain Berwick de Go ginn hätt. Dat awer ouni de ganze Reportage gesi gehat ze hunn, well hien am Ausland war.

Virdru wier d’Sophie Schram mat engem Verband a sengem Büro gewiescht an hätt gesot, hat wier intimidéiert a menacéiert ginn. Den Alain Berwick hätt deen Ament och den Extrait aus dem Reportage vum Enrico Lunghi gesinn, wou hien d’Fassung verléiert. Méi spéit huet et geheescht, d’Sophie Schram hätt eng Plainte géint den Enrico Lunghi gemaach. Well een net wollt, dass aner Medien dat opgräifen, war akzeptéiert ginn, dass de Reportage bruecht gëtt. Vu verschiddene Leit oppen, vun anere stillschweigend oder gezwongenermoossen.

“Ech hu mech iwwergaange gefillt”, sou de Steve Schmit iwwert den Dag vun der Diffusioun. Ouni hien ze consultéieren, wier decidéiert ginn, dass de Reportage op déi Manéier gewise géing ginn, wéi en war, an dat Ganzt um Radio an Internet géing publizéiert ginn. Um Enn wier dann och nach erauskomm, dass ni eng Plainte deposéiert ginn ass. Obwuel am Reportage vun engem Affekot behaapt ginn ass, dass dëst géing gemaach ginn. Et wier ee belu ginn, sou de Steve Schmit.

E Mëttwoch geet et weider mat den Aussoe vum fréieren RTL-Direkter Alain Berwick. De Resumé vum éischten Dag fannt Dir iwwerdeems hei.

Back to Top
CIM LOGO