Dat geet aus dem Rapport vum Ëmwelt-Observatoire ervir, deen déi natierlech Liewensraim vun wëllen Déieren a Planzen tëscht 2013 an 2018 analyséiert huet.
Nëmmen een Drëttel vun all de Liewensraim sinn an engem favorabelen Zoustand. Bei den heemeschen Déierenaarte sinn der 3 Véierel a Gefor. Besonnesch de Bestand vun de Populatiounen, déi op oppene Landschaften oder am an nieft dem Waasser liewen, geet staark zeréck.
Bei de Vullenaarten ass ee Véierel staark menacéiert oder schonn ausgestuerwen. Laangfristeg sinn 36% vun alle Vullenaarten a Gefor, zum Beispill d'Feldhong an de Steekauz.
Déi Haaptursaache fir de Réckgang vun der Biodiversitéit wieren dem Rapport no virun allem déi ze vill intensiv Landwirtschaft, déi och vill Pestiziden benotzt. Ausserdeem sinn d'Urbaniséierung an de Klimawandel wichteg Facteuren.
Mä fir de Problem unzegoen, misst een awer virun allem de Wirtschaftssystem änneren an nohalteg Geschäftsmodeller méi attraktiv maachen. Dobäi ass virun allem d'Landwirtschaft uviséiert, esou de François Benoy, President vum Observatoire de l'Environnement Naturel:
"D’Landwirtschaft ass do einfach wichteg, well den Haaptdrock bei den Aarten a bei den Habitater hu mir am Offenland. Dat ass do wou d’Landwirtschaft och schafft. Dofir musse mir och do nach kucken, fir méi Verännerungen ze kréien, hin zu enger méi nohalteger Landwirtschaft. Do ass awer ganz kloer och d’Politik gefuerdert. Well d’Bauere beweege sech ëmmer an engem System. D’Baueren gi subventionéiert an dofir ass et och wichteg, dass mir d’Subventiounen esou änneren, dass mir eng méi nohalteg Landwirtschaft kréien. Dat ass dann och am Interêt vun de Baueren."