Mat "Catch a smile" zu CalaisEen Dag am Liewe vun engem Volontaire

RTL Lëtzebuerg
Eis Journalistin ass agedaucht an den Alldag vun deene Leit, déi sech benevole fir d’Leit op der Flucht engagéieren.
Een Dag am Liewe vun engem Volontaire
Eis Journalistin ass agedaucht an den Alldag vun deene Leit, déi sech benevole fir d’Leit op der Flucht engagéieren.

Mat der Lëtzebuerger asbl "Catch a smile" ass d'Deborah Ceccacci op Calais gereest.

Zanter der Flüchtlingskris vun 2015, an deels schonn an de Jore virdru, sinn dausenden an dausende Flüchtlingen aus hirer Heemescht fortgelaf, fir an Europa en neit a bessert Liewen unzefänken. Hire Wee féiert se dacks bis op Calais a Frankräich. Hei hoffe si dann illegal a Groussbritannien eriwwer goen ze kënnen. Engersäits well se scho vill Famill do hunn, anerersäits well een do och d’Schwaarzaarbecht toleréiert. Wat déi meescht vun hinnen awer net wëssen: Calais ass fir si eng Sakgaass. D’Grenze gi ganz staark kontrolléiert an d’Flüchtlinge liewen op der Strooss an improviséierte Campen. De groussen "Jungle" wéi et en 2015/2016 gouf, existéiert net méi, mä d’Leit verschwannen net. A genee dowéinst reesen nach ëmmer Volontairen op Calais, fir de Leit do ënnert d’Äerm ze gräifen.

Eis Journalistin Deborah Ceccacci ass mat enger Ekipp vun der asbl "Catch a smile" dohi gereest an huet een Dag am Liewe vun de Volontaire verbruet.

Back to Top
CIM LOGO